Download AVL Logo - Various Formats

Akademischer Verein d'Letzeburger
D'Letzebuerger Studenten vun Oochen

 
Navigation
Forum
Studium
Männerchouer
User
User:
PWD:
Online Users
9 Besucher online
Kevin
Pit
Spillregelen Belote

Spillregelen: Belote

Virwuert

Fir Belote ze spillen get et net nemmen eng Art an Weis fir ze spillen. Et gin weifill verschidden Regelen op dei ech hei net weider well angoen. Vue que dat hei zu Oochen d'Leit sech net emmer eeneg sin waatfireng Regelen dann nun dei Richteg sin hun ech mech mol drem bemeit daat erauszefannen, mam Resultat: Ech hun keng "Richteg" an keng "Falsch" fond! Et gin just, wei gesot, verschidden Art an Weisen wei een et spillen kann.

Fir elo mol eng Keier Kloerheet hei zu Oochen ze schaafen well ech "eis" Regelen hei emol eng Keier kloerstellen. Wann heizou nach Unregungen oder Verännerungsvirschlei sin, kennt dir Iesch gären bei mir mellen. No Desen Regelen ass hei zu Oochen schon gespillt gin, Belote Tournoi 1995. Ech hun des Regelen Grondsätzlech iwerholl, ech hun se just en beschen Ausgebaut well se net ganz Vollstänneg waren! (Nozeliesen an den Archiven: "Karel Editioun 10 Summer 1995")

Fier Unfänger

Belote get mat 32 Kaarten gespillt ( 7 bis As). Et spillt een an Equipen fun 2 an insgesamt 4 Leit, woubai Matspiller iwwer Kraiz zoueneen setzen. (En Bic an en Blaat soll een wann meiglech och derbai hun!) Spill geet dorem als Equip 201 oder mei Punkten ze krein, dann ass d'Parti gewonn.

Wei get Ausgedeelt

Fier d'eischt gin 3 Kaarten un jiddereen verdeelt duerno 2. Dann get eng Kaart obgedeckt an Met geluegt. Deen, deen lenks fum Ausdeeler setzt därf als Eischten wielen waat fir en Spill en well maachen, duerno geet et am Auersenn weider. Wann een en Spill gemaach huet kritt deen dei Kaart dei an der Mett leit. Dann get nach den Rescht Kaarten ausgedeelt, woubai deen, deen Spill gemaach huet nach 2 Kaarten an dei aaner 3 Karrten kreien.

Wei eng Spiller gin et

Reienfoleg an Punkten fun den Kaarten

Tromp
Punkten
Normal / Sans
Punkten
B
20
As
11
9
14
10
10
As
11
K
4
10
10
D
3
K
4
B
2
D
3
9
0
8
0
8
0
7
0
7
0

Den leschten Streech sin nach eng keier 10 Punkten.

  1. D'einfacht Spill (Faarw, Spill)
    Am einfachen Spill sin 162 Punkten an et as eng bestemmten Faarw Tromp. Tromp ass emmer mei heisch wei dei aaner. Et muss een emmer bekennen. Wann een net bekennen kann muss een Trompen, ausser et ass sengem Matspiller sain Streech. Wann een eng Tromp spillt muss se emmer mei heisch sin wei dei heisten dei schon do leit, daat heescht wann een eng huet. Natirlech kann een och eng Tromp unspillen.
  2. De Sans
    Am Sans gin et 130 Punkten an et get keng Tromp. Et muss emmer bekannt gin mä net emmer driwer.
  3. Den Tout
    Den Tout as dat Spill wou am Meeschten Punkten dran sin, 258. Hei ass all Faarw Tromp. Et muss een emmer bekennen an och emmer driwwer trompen wann een kann.

Wat fir en Spill machen mer?

Wat gespillt get, get no deenen 5 eischten ausgedeelten Kaarten festgehaal. Deen Spiller deen lenks fum Ausdeeler setzt fängt un. Hien kann wielen: En normalt Spill woubai dei Faarw dei an der Mett leit Tromp ass, en Sans, en Tout oder Passen. Durno geet et am Auerensenn weider. Wann een en Spill gesot huet kennen dei aaner Spiller nach just mat engem Sans oder engem Tout driwer goen, mussen awer net. Daat Spill waat als lescht gesot gin ass get gespillt. (Wann een dei Kaart dei an der Met leit einfach helt heescht daat emmer: Et get en Tout gespillt)

Wann no engem Tour nach keen en Spill gesot huet kann een irgendeen Spill mat enger aaner Faarw als Tromp maachen, woubai die aaner Spiller nees mat engem Sans oder Tout driwer kennen goen.

Deen, deen lenks fum Aussdeeler setzt fänkt un auszespillen. Deen dei heischten Kaart spillt helt den Streech eran an spillt nei un.

Fir en Spill ze gewannen muss een mei ewei d'Halschend fun all den Punkten kreien dei am Spill sin. Deet heescht am normalen Spill >81, am Sans >65 an am Tout >129. Kritt een genau d'Halschend kommen dei Punkten fun der Equip dei d'Spill gemeet huet an den "Stänner". Dei Punkten gin separat opgeschriwen an dei Equipe dei, dei naischt Ronn gewennt kritt dei Punkten derbai.

D'Mellen

Enner "mellen" versteet een eng bestemmten Kombinatioun vun Kaarten dei een am Grapp huet. Mellen as wichteg well een domadder sengem Partner wichteg Informatiounen get an zousätzlech Punkten agspillt kennen gin.

  1. Belote
    Et muss een den Kineg an Dame vun enger Faarw an der Hand hun. Et kann een se nemmen am normalen Spill an am Tout mellen (Am Sans get et keng Tromp also och keng Belote!). Wann een dei eischt vun deen 2 Kaarten ausspillt seet een Belote an bei der zweeter Re-Belote. Am normalen Spil kann een Belote emmer mellen! Am Tout kann een Belote just mellen wann dei Faarw wou een Belote huet och ausgespillt gin ass! Belote kritt een emmer opgeschriwen och wann een drun geet (verleiert). Belote zielt 20 Punkten.
  2. Den Carré
    Den Carré besteet aus 4 derselweschter Kaarten.

    Kaart
    Normalt Spill
    Sans
    Tout
    As
    110
    110
    110
    10
    100
    100
    100
    K
    40
    40
    40
    D
    30
    30
    30
    B
    20
    20
    200
    9
    0
    0
    140
    8
    Mellen oofschaafen
    Mellen oofschaafen
    Mellen oofschaafen
    7
    Spill anuleieren
    Spill anuleieren
    Spill anuleieren

    Deen Heischten Carré zielt z.b.: Get en Carré 7 an en Carré 8 gemellt zielt den Carré 8 an et get weidergespillt!
  3. D'Tierce
    Et sin 3 Kaarten ang enger Reihenfoleg fun enger Faarw wobei Reiehnfoleg hei [7,8,9,10,B,D,K,As] as. D'Tierce zielt 20 Punkten.
  4. De Cinquante
    Et sin 4 Kaarten ang enger Reihenfoleg fun enger Faarw wobei Reiehnfoleg hei [7,8,9,10,B,D,K,As] as. Den Cinquante zielt 50 Punkten.
  5. Den Cent
    Et sin 5 Kaarten ang enger Reihenfoleg fun enger Faarw wobei Reiehnfoleg hei [7,8,9,10,B,D,K,As] as. Den Cent zielt 100 Punkten.

D'Tierce, de Cinquante an den Cent kennen iwwerall gemellt gin. Hun zwee Leit dei selwecht Stroos dann ziel keng, ausser een huet eng an der Tromp.

Gemellt get am eischten Tour wou ausgespillt get. Dei Equipe dei daat heischten Gemells huet därf hiet weisen an kritt et och ogeschriwen. Dei anner Equipe haat leider Pesch. Den zweeten Tour wann et um Spiller ass muss hien daat waat hien gemellt huet op den Desch leen. Vergest hien daat krit seng Equipe d'Gemells och net gutgeschriwen.
Et kann selbverstänlech och mei Saachen beieen mellen, d'Kaarten därfen sech just net iwwerschneiden. Wann een z.B. en Carré D mellt an et huet een nach eng Tierce (10,B,D) kann een dei Tierce net mellen well D schon am Carré gemellt ass. Belote därf een natirlech mellen, och wann een z.B. Tierce (D,K,As) huet.
Beispill: 4 Spiller A,B,C,D woubai A den eischten ass. A mellt d'Tierce 7,8,9; B mellt Tierce 9,10,B ; C mellt en Carré K ; D naischt. Dann kritt d'Equipe (AC) hieren Tierce 7,8,9 an den Carré K obgeschriwen well Carré K mei heisch ass wei dem Spiller B seng Tierce.

Wei get opgeschriwen

D'Punktenwärter fun all den Kaarten dei een als Equip kritt huet gin zesummengezielt dann kennt gemells nach derbai. Dei Equipe dei Spill gemaach huet muss elo mei Punkten hun wei dei aaner. Wann daat net esou ass kritt dei anner alles opgeschriwen mam Gemells fun der Equipe dei verluer huet mat Ausnaam vun der Belote. As et Glaich -> Stänner.

Et kann een Fairnesshalver och esou spillen dat Gemells net matgezielt get fier ze kucken op een Spill gewonn huet, mä einfach herno derbaigezielt get.

D'Punkten gin duerch 10 gedeelt beim Opschreiwen. Bis 0,5 get ofgerond ab 0,6 opgerond. Hei ass opzepassen dat an engem Nomalen Spill falls hannen eng 6 steet, 1 Punkt mei drann ass well dei 2 Equipen dann 6 hannen stoen hun.

Am Sans an am Tout gin Punkten mam Gemells vierd'eischt verduebelt an dann duerch 10 gedeelt an of- / opgerond eier se opgeschriwen gin.

Kritt eng Equipe alleguer d'Kaarten heescht daat dat sie en Capot gemaach hun. Daat sin nach eng Keier 9 Punkten dei een mei kritt. (Dei 9 Punkten mussen am Sans an am Tout natirlech mat verduebelt gin!)

Mescht eng Equipe en Spill an dei aaner Equipe kritt d'Kaarten alleguer nennt een daat en Capot à l'inverse. Dann kritt een dei 9 Punkten fum Capot an nach eng Keier zousätlech 10 Punkten. (Net vergiesen ze verdueblen am Sans an am Tout!)

Maximal Punkten dei opgreschriwen gin (ouni Gemells!)

Normalt Spill
Sans
Tout
normal
16
26
52
Capot
25
44
70
Capot à l'inverse
35
64
90

Zousaatzregelen (fir Spill mei schnell ze maachen)

Huet noom zweeten Tour nach keen en Spill ungesot muss deen eischten Spiller irgeneen Spill maachen ouni Anschränkung. (Forcé)

Ass dei Kaart dei emgedreint get en Bauer muss deen eischten Spiller en Tout maachen. (Valet Forcé)

Seet dain Matspiller op dain Faarvenspill en Sans heescht daat hien well dass du en Tout mess. (!!!Soll een mat sengem Matspiller ofklären!!!)

Nowuert

Ech hoffen dat dier heimadder kloerkommt fir Belote ze leieren an falls nach onkloerheeten sin mellt iech roueg. Fier dei dei et schon kennen an net anverstaan sin mat desen Regelen: Ech sin vir all Vierschlaag op.

Leider get et emmer mei schweier fier nach Belotespiller hei zu Oochen ze fannen, deen een oder aaneren fennt sech awer nach: Heini, Hoffi, Annick, Arbiter, Piggel, Jo, Alex, Claudinne, Dan, ......

Vill Spaas!