Download AVL Logo - Various Formats

Akademischer Verein d'Letzeburger
D'Letzebuerger Studenten vun Oochen

 
Navigation
Forum
Studium
Männerchouer
User
User:
PWD:
Online Users
7 Besucher online
Pit

Aktiviteiten

  • Soirée de Bienvenue
    Wann Wantersemester unfänkt hun mir en gemitlechen "Umtrunk", geweinlech an engem vun den Studententiirm, wou sech d'Leit no enger "LAANGER SUMMERVAKANZ" ;-) eremgesin. Hei kennen dei Leit dei nei ungefaang hun och dei eischt Konakter mam AVL kreien.
  • REEL
    "Réunion Européennne des Étudiants Luxembourgeois" ass en grousst Treffen mat Discussiounen iwwert Studentesch Saachen wou sech all Joers eng Delégatioun vun all Studentencerclen an iergendenger Stadt trefft. Et geet geweinlech iwwert 4 Deeg mat Conferenzen, Visiten, Iesen, Party, ...
    En MUST fier all Student!
  • Foire des Étudiants
    Mir informeieren mat der RWTH zesummen Schüler dei studeieren wellen. Esou leieren sie och direkt den AVL kennen.
  • AGAPE
    Den Comité an den Männerchouer gin vun eisen Anciens inviteiert op en Iesen.
  • Daaf
    Neiunfänger, "Sale Bleuen", gin an Studentenliewen angeweit.
  • Café Rally
    Een witzegen Cafe Tour duerch Oochen mat verschidden Froen an Aufgaben.
  • Kleeschen
    Och wann mir Studenten net emmer esou brav sin kennt den Kleeschen och op Oochen an brengt all Joers och eppes scheines mat. Fier dei, dei sech wierklech den Batti gestallt hun, huet den Housiker och eng Rutte derbai.
  • Fiekelsfries beim Koeppe Jhemp
    Daat beschten Fierkel waat een zu Letzebuerg fannen kann! Et get gut gejickt an gedronkt bei enger Parti Keelen.
  • Glühwainowend
    En S...owend an den Studententiirm
  • Tournoi Universitaire
    Enn Dezember ass um Campus Geeseknäpchen en groussen Tournoi am Fussball, Basket an Volleyball wou all Studentencercle vertrueden ass. Daat ganzt get organiseiert vun der LASEL an Zesummenaarbecht mat ACEL.
  • Squashtournoi
    Zweemol am Joer organiseiren mir eng klengen Squash Tournoi.
  • Chaos Bal am Atelier
    Den eischten Freiden am Joer hun mir eisen traditionellen Bal.
  • Tournoi de l'Ambassadeur
    Als eenzeg daitsch Equipe kennen mir den belschen Tournoi de l'Ambassadeur am Fussball matspillen.
  • Dag am Mee
    Fussball an Beachvolley Tournoi deen all Joers an enger aaner Staat gespillt get.
  • Belscht Beierfest
    Zur Oofwieslung drenken mier mol eng Keier gudden Beier op engem Fest. ;-)
  • Fussball geint eis Aal
    Fier den Contact zu eisen Anciens net ze verleieren spillen mir een Mol am Joer en klengen Match geint sie.
  • Bowling/ Keelen
    Gelegentlech gin mir Bowling an/oder Billiard, Keelen spillen
  • Staffellaf
    Am Juni laafen mir vun Oochen op Letzebuerg. Woubai Destinatioun all Joers ännert. Noom eischten Daag maachen mir en Zwechenstopp beim Koeppe Jhemp fier deenen midden Been en beschen Energie ze gin.
  • Nationalfeierdag
    Eng Soirée Chic am Gewölbekeller vum Haaptgebai mat Schnittercher, Champes, Wain, Beier.
  • ...

Zu all Aktiviteit kennt dier iech och Photoen unkucken.