Den Männerchouer stellt sech fier
CD vum Männerchouer Salut Memberen, net Memberen, Anciens an Leit aus der ganzer Welt: wei der bestemmt schon matkrit hudd, huet eisen Männerchouer eng fantastesch CD opgeholl mat net manner wei 25 Lidder drop. Wann der aer wäertvoll Sammlung doheem wellt erweideren muss dei CD natierlesch derbei sin ! Fier net manner wei 7€ as se fier Memberen zekreien an wann ee net Member as kascht se 10€. Fier se ze bestellen geet et duer wann der dem Pascal Theis alias Dirigententheis bescheed soot wann der en am Kaktus, um Kreschtmaart, op enger Fiesta oder soss entzwouch begeint. Dir kennt him awer och mailen op Pascal.Theis@avl.lu oder cd@avl.lu
En klengen Ausschnet: Play Merci am Viraus am Numm vum Oochener Männerchouer! Pascal Theis Author: Tom Goeckel |
Sait ongefeier 42 Joer get et en Männerchouer hei zu Oochen. Dat ass en klengen Group vun motiveierten jonken Studenten dei Spaas un der Musik an um Sangen hun. Mir interpreteieren haapsächlech letzebuergesch Voleks- an Stemmungslidder op eng studentesch Art an Weis.
Weiderhn hun mir desöfteren kleng Optretter, z.B.: op Hochzaiten, Studentenfester, AGAPE, ...
Mir prouven esou gut et geet eenmol d'Woch, waat momentan Densdes um 20:00h ass, am TVK (Rütscherstrasse 121). Fier Gedrenks, enner Fachkreeser och Ueleg fier Stemm genannt, ass gesuergt.
Dest Joer hun mir en aussergeweinlechen Projet, an zwar huelen mir eis eischt CD op. Weider Detailer heizou kommen no.
Fier weider Informatiounen mellt iech beim:
![]() |
Pascal Theis |
17, rue René Geysen |
Theaterplatz, 1a |


