|
|
 |
 |
 |
 |
|1|2|3|4|5|6|
Misch
|
Nr: 14124 - 19.08.2010, 14:32:58
|
|
@Nina
Op d'Autoslescht hun just Memberen Zougreff. Falls du Member solls sin dann muss du dech mat dem Username anloggen deens du zougescheckt krus.
|
nina_lentz
|
Nr: 14123 - 19.08.2010, 12:29:59
|
|
Hallo,
Ech kommen net un d'Autoslescht, obwuel ech mech ageloggt hun...?!
|
Hansen M
|
Nr: 14122 - 18.08.2010, 20:40:40
|
|
|
Mellt iech un fir d'Visite vun der ANEIL bei DuPont 27.08 an fir d'Rees an d'Ruhrgebiet 30.09-03.10. Et sinn jeweils nach Plaatze fräi!
|
Simone
|
Nr: 14121 - 18.08.2010, 00:40:25
|
|
Hallo kommen muer ob Oochen, muss mech ob d gemeng unmellen goen etc an jo ass iergendeen am kaktus fier ziessen bzw wollt deemnowei am nometten bessen wain schmaachen an kaafen goen, wann een loscht haett matzekommen, mellt iesch ?
|
Hoschi
|
Nr: 14119 - 17.08.2010, 13:42:06
|
|
Kommen do net emer rosen Fralait schellen
|
Gary
|
Nr: 14118 - 16.08.2010, 21:00:58
|
|
|
hallo, merci hun schon eng email gemaach , merci
|
Gary
|
Nr: 14116 - 16.08.2010, 19:55:26
|
|
Moien,
kennt fleit een een deen seng wunneng vermiet, fänken dest Joer op der Uni un an sichen nach eng Wunneng 1-2 Zemmer.
merci,
Gary
|
ANEIL
|
Nr: 14115 - 16.08.2010, 12:10:53
|
|
Léif Memberen,
dest Joer welle mir eis et och net entgoen lossen eng kleng Rees ze ennerhuelen. Dofir geet et vum 30. September (Donneschdes) bis den 3. Oktober (Sonndes) 2010 an eng vun de Kulturhaptstied 2010, d’Ruhrgebiet.
D ‘ Ruhrgebiet ass de gréissten Ballungsraum vun Deitschland an hei wunnen iwer 5 Milliounen Leit, wat zum gudden Deel op de Biergbau an d‘ Stoolproduction zeréck ze féieren ass. Wou sou vill Leit wunnen, gett et natirlech och eng Partie ze gesinn, an dofir geseit eisen Programm bis elo mol esou ass:
- Visite vun der Veltins-Arena zu Gelsenkirchen
- Visite vum Opelwierk zu Bochum
- Zeche Zollverein zu Essen (Unesco-Weltkulturerbe)
E klengen Ofsticher an d‘ Rheinland steet och um Programm, an zwar fir:
- De Kommunikationszentrum vu Bayer zu Leverkusen
- D‘ Braunkohlekraftwierk zu Weisweiler an den Tagebau zu Inden
Donirwt kommen Freizeitaktivitéiten an e puer flott Owender natirlech och net ze kurz. Ugeducht ass dass mir déi eischt Nuecht zu Köln verbréngen, an déi aner Nuechten am Ruhrpott selwer ennerkommen.
Lass geet et Donneschdes moies, a Sonndes owes si mir dann erem zu Letzebuerg. Fir den Transport ginge mir Camionetten virgesinn, dofir ass et wichteg, dat mir mat Zäiten wessen zu wivill ma sinn.
Dofir zéckt net irch unzemellen op daniele_mousel@hotmail.com! D‘ Deadline fir d‘ Umellung ass Sonndes, den 22. August. D’Onkäschten fir Logement, Transport an d’Visiten werten sech virrausichtlich op ca. 150 € pro Persoun summéieren, eng méi genee Angab dozu gett et wa mir genee wessen wéifill Leit matkommen.
D‘ Plaatzen si limitéiert, also macht irch bei, dat gett wirklech eng flott Rees an d‘ Kulturhaptstaad 2010!
ANEIL
|
|
Béis Zongen behaapten...
|
Nr: 14113 - 13.08.2010, 01:11:34
|
|
|
den Guerki wier näischt aanescht wei eng Cornischong am Speckmantel
|
Pir
|
Nr: 14110 - 10.08.2010, 15:10:05
|
|
|
wann lo op de Ringo gelauschtert get, dann hätt ech awer och gär d'Suen vun der Rees op Karlsruhe rem... dat wor schliesslech och deier gin am Bensin...
|
Cyria
|
Nr: 14109 - 10.08.2010, 13:19:43
|
|
Also ech sin anverstaanen d'Suen fier den Béier ze huelen. Daat waat ech do gedronk hun misst, plus minus, op d'Benzinskaeschten eraus kommen .
|
Michel
|
Nr: 14108 - 10.08.2010, 12:42:11
|
|
Geff de chauffeuren hier Suen, well ech hunn dem Simone am Yves nach kee Geld ginn, a well mäi Beier vum AVL bezuelt kreien.
|
yschaack
|
Nr: 14107 - 10.08.2010, 12:35:53
|
|
|
as mir och egal...
|
Simone
|
Nr: 14106 - 10.08.2010, 12:18:21
|
|
|
decideiert dier waat mat den suen geschitt, ech haat fier 35 euro also eindelch fier 70, mee den eischten tank haat ech schon um wee fier ob Letz verrannt... vu mier aus kennt der d Suen och fier den Beier huelen wann der wellt, mee jo, dei dei gefuer sen hun warscheinech keen gedronk :p
|
Kevin
|
Nr: 14105 - 10.08.2010, 12:13:11
|
|
|
sou wei ech dei vum lsk verstaan hun krutten sie eeng gewessen somme iwwerwisen dei se eis elo iwwerweisen
|
Simone
|
Nr: 14104 - 10.08.2010, 12:07:47
|
|
mir ass et och egal, ech misst meng rechnung nach iergendwou trellen hun ... loos mer eng woch zait, an ech fannen se rem
|
|1|2|3|4|5|6|
|
 |
 |
 |
 |
|