Wei fannen ech als "NEIEN OOCHENER" eng Wunning?
Fier eng Wunning ze fannen ass un sech net ganz schweier hei zu Oochen.
- Aachener Annonce, ass eng Zeitung mat Klengannoncen dei Densdes an Freides erauskennt. Do fennt een dei meeschten Wunningen. Ausserdem fannt dier sämtlech Annoncen och online http://www.annonce.de/ .
- Et get och eng gut Newsgroup: oecher.wohnungsmarkt wou een nawell och genuch gut Wunningen fennt.
- Wann dier eng Studentenwunning wellt fannd dier heizou sämtlech Informatiounen hei: http://www.studentenwerk-aachen.de/
- Eng weider gudd Adress fir eng Wunneng online ze fannen ass http://www.immobilienscout24.de. An wann dat nach emmer net duergeet: http://www.wg-gesucht.de,www.studenten-wg.de (fir eng WG ze sichen), a www.studenten-wohnung.de. (och fir eng Studentenwunngen, dei normalerweis mei präiswert sinn wéi normaler)
- Den Virdeel vun Online-Annoncen ass, datt een vun Letzebuerg aus Rendez-vous'er kann ausmaachen an dann op Oochen kommen. Dann ass een och secher, datt een net emsoss ropkennt.
- Post en Message op eiser Homepage, op keen en Nachmieter sicht vun den Letzebuerger. -> Forum
Ech hoffen daat helleft iech en beschen weider. Profiteiert nach en beschen fun aerer Vakanz, dat mir iech fresch an monter am Oktober hei zu Oochen begreissen kennen.
Fier weider Informatiounen stin ech gaeren zur Verfuegung: Dany Heusbourg <info@avl.lu>
