AVL goes 48. Landjugenddag

Verëffendlecht, den 25.04.2024 AVL goes 48. Landjugenddag

Léif AVLer, den 9. Mee fënnt de 48. Landjugenddag zu Sprénkeng statt, organiséiert vun der Landjugend Süden, wou mir um Rallye mat deelhuelen.

Vue dass et e Feierdag ass, braucht dir Iech och keng Suergen em d'Uni deen Dag ze maachen. 😉

 

Den Haaptsite fannt dir um Feldwee riicht duerch vun 38 Rue de la Croix 4999 Sprinkange Dippach, mei genau sinn hei d'Koordinaten: 49°34'27.6"N 5°57'19.4"E

 

Dagesprogramm:

9:30 Mass zu Schuller bei der Gemeng (11, rue de l‘Église L-4998 Schouweiler)

11:00 Éierewäin um Haff "An Dudel" (https://maps.app.goo.gl/p4g5PqTvG1EnLnJs8?g_st=ic)

12:00 Mëttegiessen an der Hal a Startschoss vum Rallye

Am Nomëtten:

• Kanneranimatioun fir déi Kleng

• Kaffisstuff fir déi Grouss

• 15:00 Concert vun der Schuller-Sprénkenger Musek

• lessen a Gedrénks de ganzen Dag

22:00 Dekanatsspill fir d'Landjugendgruppen

22:30 Präisiwwerreechung mat uschléissendem Bal

 

- D’Umeldung an d’Bezuelung ass den Dag selwer an der Hal um Betrieb „An Dudel“. De Präis leit bei 20€/Persoun; déi musst dir selwer bezuelen, mee keng Angscht, de Comité brengt dofir awer Béier mat. 🍻 D’Mëttegiessen, een Gedrénks, een Pudding an ee Gadget sinn am Präis mat abegraff.

- Eng Equipe besteet aus min. 4 Persounen.

- Bei der Umeldung kritt dir een Froebou, deen dir bis zum nächsten Spill ausgefëllt sollt ofginn. Dat ass är Umeldung fir d’Spill. Sou verleeft dat den ganzen Rallye, bei all Spill kritt dir een neien Froebou. Falls dir den Froebou ënnerwee verléiert gëtt dësen net gezielt!

- Et sinn am Ganzen 5 Spiller dovun eent Waasserspill dofir bréngt eng Schwammbox/Maillot an dresche Kleeder mat.

- Den Tour vum Rallye ass ongeféier 7,5 km laang an ass mat der Kannerkutsch befuerbar.

- Op all Spill ass een Gedrénksstand an op all zweetem Spill een Grillstand.

Ech hoffen Iech zuelräich do unzetreffen, wou mir eis gutt amuséiere kënnen a villäicht och deenen anere weise wat den AVL esou drop huet 💪