Sport
Zu Oochen gehéiert dee Sport am Cercle natierlech zu engem gudden Zesummeliewen a Verständnis ënnert den Studenten dozou. Vir dat een sech nieft de flotten Soiréeën an dem haarden Léieren och heiansdo oflenke kann, fannt der hei e puer Informatiounen zu de sportlechen Aktivitéiten hei beim AVL an dem Hochschulsport.
Am AVL
Den AVL ass säit Joren een ganz sportlech engagéierten Cercle. Des beweisen déi sämtlech Titelen beim Tournoi de Noël, sief et am Volleyball, Basket, Fussball oder och déi 3 ganz kloer Gesamtsieger déi mir bis elo feieren konnten. Nieft dem TdN ginn et nach lauter aner Turnéier, wou den AVL vertrueden ass: e Beispill ass den Beachvolleyball Tournoi zu K-Lautern, den Tournoi de l’Ambassadeur (een Fussballturnéier, deen all Joer an enger anerer Stad statt fënnt) oder den Summercup (een Fussballturnéier, deen all Joer zu Lëtzebuerg statt fënnt). Den AVL reest net nëmmen op Turnéier mee organiséiert och selwer sou munches. All Joer am Ufank vum Summersemester ass den traditionellen Staffellaf. Hei geet et an enger Staffel mat groussen an klengen Etappen, innerhalb vun 2 Deeg vun Oochen mat engem Tëschestopp an Iwwernuechtung an engem Duerf um Wee bis op eng Gemeng, déi eis dann op een Éierewäin invitéiert. Dëst ass ëmmer erëm e flott Event, wou all méi oder manner sportleche Member matmaache kann an et nom éischten Dag owes och eng gutt Belounung gëtt mat genuch Béier an Iessen fir séier erëm ze recuperéieren. Doniewent bitt den AVL iwwer dat ganzt Joer Fussball an enger gelounter Hal un. Wien heizou méi Interesse huet, soll sech einfach beim Sportminister mellen. Am Summersemester reservéiert den AVL e Beach-Terrain um Königshügel, wou sech d’Memberen dann eng Kéier an der Woch am Nomëtteg treffen fir zwou Stonnen laang e bëssen ze spillen.
Hochschulsport
Mee net nëmmen den AVL ass sportlech engagéiert, mee d’RWTH an d’FH (Hochschulsport) bidden eng ganz Palett vu sportlechen Aktivitéiten un. Ugefaangen mat Danzcoursen wou schonn sou munch AVL’er sech géigesäiteg op Féiss getrëppelt sinn bis op d’Kontakthüpfen, wou engem opfält wat ee Semester méi al gëtt, wat ëmmer méi bekannten Gesiichter laanscht kommen. Natierlech bitt den Hochschulsport och déi méi klassesch Sportaarten wéi Basket, Fussball oder Volleyball un (entweder Coursen oder fräie Spillbetrieb). Et ass just ervir ze hiewen datt een sech fir verschidden Sportscoursen just eng oder zwou Kéieren am Semester kann umellen. Dës Umeldung ass meeschtens Dënschdes mëttes um 16:00 eng Woch ier d'Semester vun der RWTH ufänkt. Hei ass iech unzeroden ganz séier ze sinn, well déi beléifte Coursë si séier ausgebucht. Bei aneren Offeren kann een e fräie Spillbetrieb auswielen, wou een sech an der Woch umelle kann an esou méi flexibel ass. Déi meescht Sportsangeboter si gratis, mee et ginn awer och e puer wou e klengt Entgelt gefrot gëtt. Dëst ass awer am Verglach zu engem normale Cours ausserhalb vum Hochschulsport zimlech geréng an un de Studentebudget ugepasst. An fir d'Pumper ënnert den Studenten gëtt et och den RWTH Gym. Dësen huet gutt Ëffnungszäiten, kompetent Trainer an exzellent Equipement.
Bei weidere Froen zum Thema Sport beim AVL oder um Hochschulsport kennt der iech roueg un de Sportminister wenden (Mail asw. fannt der hei um Site). Ënnert den folgenden Links fannt der dann nach och déi néideg Informatiounen zum Hochschulsportangebot: