Oochen ABC
Oochen - Eng Kaiserstad am Häerze vun Europa
Oochen läit am Westen vum Bundesland Nordrhein-Westfalen an ass déi westlechst Groussstad vu ganz Däitschland. Oochen läit am wonnerschéinen Dräilännereck Däitschland-Belsch-Holland an an der direkter Noperschaft vum Eifeler Nationalpark souwéi den Ardennen.
Oochen an Zuelen
Oochen huet 250.000 Awunner, dovu sinn iwwert 60.000 Studenten, dat heescht quasi all véierten ass Student. D'Stad verdeelt sech iwwer eng Gesamtfläch vun 160 Quadratkilometer. Opfälleg ass zudeem d'Männerquot zu Oochen, wat op déi technesch orientéiert RWTH an FH zeréckzeféieren ass.
A
Apollo
Den Apollo ass ee Kino an och ee Club zu Oochen, deen sech an der Pontstrooss befënnt. En ass vun Dënschdes bis Samschdes op an all Dënschden ass do déi berühmt berüchtegt Remmi Demmi Party.
Aquis Plaza
Dat Shoppingerliefnis zu Oochen. Op 29.000 Quadratmeter an iwwert 130 Geschäfter fënnt een alles wat ee brauch. Fir déi, déi net sou gär shoppen, gëtt et selbstverständlech och Méiglechkeeten fir eppes z'iessen.
B
Bahkauv (Legende)
An Oochen ginn et verschidde Legenden a Soen, déi een als Statuen, Skulpturen an a Muséeë erëmfënnt. D'Legend vum Bahkauv ("Bachkalb") ass eng vun de bekanntsten an d’Statu steet um Büchel. Fréier stoung um Büchel eng Waasserquell, ee sougenannte Kolbert, an do soll d'Bahkauv gehaust hunn. Et soll owes säin Onwiesen an der Stad gedriwwen hunn an den bedronke Männer op d'Schëllere gespronge sinn a mat senge laange Krallen a schaarfen Zänn Angscht agejot hunn. Déi konnten sech eréischt virun der Hausdier vun der Lascht befreien, sou datt och all Nopere matkritt hunn wéi voll den Heemkéierer war. A verschidde Versioune vun der Legend gëtt och erzielt, datt et keen Ongeheier war, mee den "Torwächter" vun der Stad, deen sech als Bahkauv verkleet huet fir de Vollerten hiert Geld ze klauen.
Bend (Öcher Bend)
Zweemol am Joer (Fréijoer a Summer) fënnt um Bendplatz den Öcher Bend op enger Gesamtfläch vu ronn 40.000 Quadratmeter statt. Et ass eng Kiermes wéi d'Schueberfouer mat Spiller, Iessbuden an allem wat dozou gehéiert. Den Numm kënnt aus dem Oochener Dialekt a bedeit déi grouss Wiss vun Oochen. Deen éischte Bend gouf 1413 organiséiert, mee de Standuert huet ëmmer gewiesselt. Eréischt 1927 huet den éischte Bend um haitege Bendplatz stattfonnt.
C
Carolus Thermen
Entspanung pur! Oochen ass eng beléift Kurstad an domat huet Waasser a Wellness eng laang Traditioun. Fréier hunn sech d'Réimer an de Mineral- an Thermalquellen entspaant an haut kann een sech do vum Alldagsstress erhuelen.
CHIO
Säit 1924 fënnt all Joer de CHIO (Concours Hippique International Officiel) zu Oochen statt. Et handelt sech ëm en internationale Päerdssportturnéier mat de Disziplinnen Dressur, Sprangen, Villsäitegkeet, Fueren a Voltigéieren. Nieft der offizieller Bezeechnung gëtt de CHIO och "Weltfest des Pferdesports" genannt. All Land däerf nëmmen ee CHIO organiséieren an dofir ass de CHIO Aachen deen eenzegen a senger Aart an Däitschland.
Cineplex
Hollywood Blockbuster, Filmklassiker oder e Libesfilm? De Cineplex am Kapuzinerkarree huet vill ze bidden. Hei gi Filmer an 2D an 3D op Däitsch an an der Originalsprooch gewisen.
D
Doum
Den Oochener Doum ass dat bedeitendst Zeeche vun der Stad a steet op der UNESCO-Weltkulturierwelëscht. Ënnert der Leedung vum Karl dem Groussen gouf en ëm d'Joer 800 gebaut a soll d'Verbindung tëscht dem Ierdeschen an dem Himmlesche symboliséieren. Ausserdeem war en vun 936 bis 1531 d'Kréinungskierch vu bal all réimesch-däitsche Kinneken. Besonnesch beandrockend ass seng Architektur mat Sailen, Bronzegitteren a faarwege Glasfënsteren.
E
Elisenbrunnen
Wéi vill aner Bauwierker zielt och den Elisenbrunnen zu de bekannte Monumenter vun Oochen. Schonn de Karl de Groussen huet dem schwefelhaltege Waasser heelend Kräfte zougeschriwwen an domat d'Traditioun vun der Buedstad gepräägt. Schonn d'Réimer hunn d'Quellen ënner dem Numm "Aquis Grana" geschat. Am 19. Joerhonnert ass den haitegen Elisenbrunnen nom Entworf vum Friedrich Schinkel gebaut ginn. Säin Numm geet op d'Krounprinzessin Elisabeth vu Bayern zeréck.
Euregiozoo (Tierpark Aachen)
Spaass fir Grouss a Kleng! Am Euregiozoo fënnt een Déieren aus aller Welt. Egal ob Summer oder Wanter, hei komme béid, Kanner an Erwuessener, op hir Käschten.
Eurogress
Den Eurogress ass e Concerts-, Kongress- an Eventzentrum. Et ginn dräi grouss Säll an eelef Konferenzraim, déi kënne gelount ginn. D'Gebai läit nieft dem Quellenhof an um Rand vum Stadgaart. Et gouf op der Plaz vun der fréierer Wandelhalle gebaut, déi am Zweete Weltkrich zerstéiert gouf.
F
FH Aachen
D'Fachhéichschoul zu Oochen huet ongeféier 14.000 Studenten an 250 Professeren. Si läit am südlechen Deel vum Oochener Rank. Gegrënnt gouf si 1971 an ass haut eng vun de gréisste Fachhéichschoulen an Däitschland.
G
Guinness House
Op zwou Etage kann een de Flair vun Irland genéissen. Egal ob Guinness, Kilkenny, Strongbow oder Whisky, hei fënnt een eng grouss Auswiel. Selbstverständlech kann een hei och Bundesliga, Champions League oder Europa League kucken. Am Summer kann een den Owend op der Daachterrass ausklénge loossen an ab Oktober ginn et reegelméisseg Live-Concerten.
H
Hotel Europa
Den Hotel Europa ass trotz sengem Numm keen Hotel, mee e Café a Club am Stil vun de 60er a 70er Joren. En läit an der Südstraße an huet vu Mëttwoch bis Samschdeg owes op. Hei kritt een souguer polnesche Béier wéi Tyskie.
I
Internationale Karlspreis
Säit 1949 gëtt all Joer op Christi Himmelfaart den Internationale Karlspreis iwwerreecht. Mat dësem Präis ginn Perséinlechkeeten ausgezeechent, déi sech fir Europa an d'Zesummenaarbecht tëscht de Vëlker agesat hunn. Zu de bekannte Laureate gehéieren ënner anerem de Jean-Claude Juncker an den Emmanuel Macron.
J
Jakobskirche (Kirche St. Jakob)
Mat 87 Meter ass den Tuerm vun der Jakobskierch deen héchsten zu Oochen. D'Kierch geet op de Karl de Groussen zeréck a gëllt als déi éischt Jakobskierch an Däitschland. Zweemol am Joer ass den Tuerm fir de Public op an et kann ee bis uewen eropklammen. Vun do aus huet een eng eemoleg Vue iwwer ganz Oochen.
K
Kaktus
De Kaktus ass de Stammcafé vun de Lëtzebuerger Studenten zu Oochen. Hei fanne vill vun den AVL-Soiréeën statt an och an der Fräizäit trëfft een hei vill Lëtzebuerger Studenten. Natierlech gëtt et hei och lëtzebuergesche Béier, ënner anerem Dikrecher.
Klenkes
De Klenkes ass dat traditionellt Erkennungszeeche vun den Oochener an stellt den ausgestreckte klenge Fanger duer. Dës Traditioun geet op d'Neelfabricken zeréck, wou d'Aarbechter de klenge Fanger benotzt hunn, fir feelerhaft Neel auszesortéieren. Duerch dës Aarbecht hu vill Aarbechter Verformunge vum Fanger entwéckelt. Zënter 1970 erënnert de Klenkes-Denkmal am Holzgraben un dëse Brauch.
L
Lousberg
De Lousberg ass den héchste Punkt vun Oochen a bitt eng wonnerbar Vue iwwer d'Stad. Hei kann ee spadséieren, grillen, Vëlo fueren oder sech einfach entspanen. Am fréiere Waassertuerm ass haut den Drehturm Aachen ënnerbruecht, e Café-Restaurant, dat sech eemol pro Stonn ëm 360 Grad dréint.
M
Maartplaz
D'Maartplaz läit am Häerz vun Oochen direkt beim Rathaus. Ronderëm fannt een Caféen, Restauranten an Akafsméiglechkeeten. Am Wanter ass si Deel vum Chrëschtmaart an iwwer d'Joer fannen hei verschidde Manifestatiounen statt.
Marschiertor
D'Marschiertor war fréier d'Südpaart vun der Oochener Stadmauer an ass ee vun de beschterhale Stadpaarte vu Westeuropa. Am Zweete Weltkrich gouf et staark beschiedegt a spéider restauréiert. Haut gëtt et fir Eventer genotzt a bitt och Plaz fir Archivraim, Wäikeller an aner Raimlechkeeten.
N
Nox
Lounge oder Disko? Den Nox kombinéiert béides. Op verschiddene Stäck ginn Themepartyen a Museksstiler vu RnB iwwer Techno bis Latin Music ugebueden.
O
Oecher Dialekt
Den Oecher Dialekt, och Oecher Platt genannt, ass en Dialekt deen een nach haut heiansdo zu Oochen héiert.
P
Puppenbrunnen
De Puppenbrunnen an der Alstad erzielt d'Geschicht vun Oochen. Déi verschidde Figuren stellen typesch Perséinlechkeeten duer, wéi Bëschof, Professer, Päerd, Clown a Modepopp. Besonnesch ass, datt d'Gelenker vun de Figuren beweeglech sinn.
Ponttor
D'Ponttor ass eng vun den eenzegen nach erhale Stadpaarte vun der aler Befestegung. Si gouf am fréien 14. Joerhonnert gebaut. Haut gëtt si vun der Jugendschaft Aachen a Scoutsgruppen genotzt. Den Numm geet op de Pontvéierel zeréck.
Pontstrooss
D'Pontstrooss ass déi bekanntst Studentestrooss vun Oochen. Hei fannt een eng grouss Auswiel u Caféen, Baren, Restauranten an Diskothéiken. Egal ob ee roueg eppes drénke wëllt oder ausgelooss feiere geet, hei ass ëmmer eppes lass.
Printen
D'Oochener Printen sinn eng kulinaresch Spezialitéit vun der Stad. Egal ob mat Nëss, Schockela, Mandelen oder Zockerglasur, et gëtt eng grouss Auswiel. All Joer ginn Millioune Printen hiergestallt an si si besonnesch als Souvenir beléift.
Q
Quellenhof
Fréier war de Quellenhof ee vun de renomméiertste Kurhoteller an Däitschland. Nom Zweete Weltkrich gouf den Hotel zu engem groussen Deel zerstéiert. No enger Restauratioun huet en zwar seng Zilgrupp geännert, mee en zielt nach ëmmer zu de Grandhoteller vun Oochen.
R
Rathaus Oochen
Op der Maartplaz fënnt een d'Häerzstéck vun Oochen, d'Rathaus. 1330 gouf et aus de Ruine vun engem barocke Palais gebaut an ass säitdeem ëmmer nees ëmgebaut, sanéiert an nom Zweete Weltkrich deelweis restauréiert ginn. Haut gëtt am Rathaus all Joer den Internationale Karlspräis iwwerreecht.
RWTH Aachen
D'RWTH, d'Rheinisch-Westfälische Technische Hochschule, ass mat iwwer 44.000 Studenten déi gréisst Universitéit fir technesch Studien an Däitschland. D'Universitéit ass net op engem eenzege Campus opgebaut, mee hir Gebaier an Instituter sinn iwwer ganz Oochen verdeelt.
S
Starfish
Fréier war et eng Fabréckshal, haut ass et déi gréisst Diskothéik vun Oochen. Ob Schlager, House, Soul oder Charts, a véier verschiddene Raim kann ee säin Danzbeen schwéngen.
Sowiso & Ocean
Mëttes ee gudde Kaffi an owes ee kale Béier? Kee Problem. Am Sowiso & Ocean ass bal alles méiglech. Am Summer an och am Wanter gëtt et eng Terrass, am Wanter mat Heizstrahler. Ausserdeem kann ee Billard, Kicker oder Darts spillen.
T
Tivoli
Den Tivoli ass de Stadion vun Oochen mat 32.960 Plazen. Hei spillt virun allem Alemannia Aachen, awer och Concerten a Public Viewings fannen hei statt.
Theater / Theaterplatz
Den Theater zu Oochen gouf 1825 opgemaach als Kulturhaus fir Schauspill a Musek. Et huet eng kleng Bün mat 168 Sëtzplazen an eng grouss mat 730 Plazen. En läit am Kapuzinergraben nieft dem Cineplex an dem Alen Posthof.
U
Unisstad
Oochen huet véier Héichschoulen an ongeféier 60.000 Studenten. Domat ass d’Stad eng vun de gréisste Studentenstied an Däitschland. D’Studenten maachen e groussen Deel vun der Bevëlkerung aus, wat d’Stad staark prägt.
V
Vaalserquartier
D'Aarmequartier ass eng Uertschaft déi zum Oochener Staddeel Laurensberg gehéiert an direkt un der Grenz zu Vaals an Holland läit. Den Numm geet op déi fréier territorial Andeelung vum Oochener Räich am fréie 14. Joerhonnert zeréck.
W
Weihnachtsmarkt
All Joer an der Virchrëschtdagszäit verwandelen sech déi kleng Gäss ronderëm den Doum an d'Rathaus an e Chrëschtdagsparadäis. Den Oochener Chrëschtmaart zielt wéinst senger aussergewéinlecher Atmosphär zu de schéinsten an Däitschland a lackelt all Joer vill Touristen un. Egal ob Printen, Nëss, Schockela oder Glühwäin mat oder ouni Schoss, hei fënnt een alles.
Werksverkaf: Lindt & Sprüngli, Bahlsen, Lambertz
Wien kennt net de Schwäizer Schockela vu Lindt? Zu Oochen gëtt et esou Fabrécken an déi passend Werksverkeef. Vun einfache Schockelatafelen iwwer Pralinéen bis zu originelle Geschenkiddien fënnt een hei vill Produiten zu attraktive Präisser. Natierlech fannt een och déi traditionell Oochener Printen, besonnesch bei Lambertz.
Z
Zuhaus (Café)
Egal ob Keelen, Gesellschaftsspiller, Fussball kucken, Live-Concerten, Tatort-Owender oder einfach gemittlech eppes mat Frënn drénken. Am Café Bar Zuhause ass fir Grouss a Kleng eppes dobäi. An dat Bescht: et fillt ee sech bal wéi doheem an der Stuff.
- https://www.tripadvisor.de/Attractions-g187367-Activities-Aachen_North_Rhine_Westphalia.html
- https://www.travelcircus.de/urlaubsziele/aachen-sehenswuerdigkeiten/
- https://de.wikipedia.org/wiki/Bahkauv
- https://www.aachen-tourismus.de/erleben-entdecken/sagen-legenden/
- https://unser-aachen.eu/das-bahkauv/
- https://de.wikipedia.org/wiki/Klenkes
- http://www.apollo-aachen.de/
- https://www.chioaachen.de/de/
- https://de.wikipedia.org/wiki/CHIO_Aachen
- https://de.wikipedia.org/wiki/FH_Aachen
- http://deinhoteleuropa.de/
- https://de.wikipedia.org/wiki/Marschiertor
- https://de.wikipedia.org/wiki/Ponttor
- https://www.aachen-tourismus.de/erleben-entdecken/sehenswuerdigkeiten/details/lousberg/
- https://www.drehturm-aachen.de/de/historie/
- https://www.karlspreis.de/de/preistraeger/jean-claude-juncker-2006/vita