AVL goes Chrëschtmuart

Verëffendlecht, den 18.11.2026 AVL goes Chrëschtmuart

Léif AVLer,

 

Den 30. November ass et nees souwäit: Den AVL geet nees op de Chrëschtmuart! 🎄

 

Wéi gewinnt starte mir den Owend mat engem gudde Glühwäin – an dat an der Wollek 7. Ab 16:00 Auer ass de Comité do, an dir sidd häerzlech wëllkomm, fir dobäizestoussen!

 

Um Chrëschtmuart ginn et natierlech och genuch Stänn, wou dir iech eppes Klenges fir z’iessen kréie kënnt.

 

Nom Chrëschtmuart geet et dann nach op en Ofschloss an de Kaktus, wou mir zesummen nach eng, zwou oder vläicht och vill Béier drénke kënnen! 🍺

 

Mir freeën eis op iech an op e gemittlechen Owend!

 

Äre Comité