Lëtzebuerger Spezialitéitenowend

Verëffendlecht, den 12.11.2026 Lëtzebuerger Spezialitéitenowend

Léif Memberen,
Heimat luede mir iech op den Lëtzebuerger Spezialitéitenowend den 25.11.26 ab 20Auer an de Pfaffenturm (Junkerstraße 68) an! Nieft enger Rei Béierzorten aus Lëtzebuerg a Cider vu Ramborn kritt dir dës Joer och Lëtzebuerger Wäin, LëtzSpritz an Hunnegdrëpp souwéi Limonaden vun der Gamme LëtzLimo am Angebot! Denkt dofir och un ären Ecocup! Och eng Rëtsch kulinarech Spezialitéiten fir de klengen Honger ginn ugebueden, dorënner Rieslingspaschtéiten an Kniddelen (veggi oder mat Speck). Loosst iech dat Stéck Heemecht zu Oochen net entgoën!
Dëst Event funktioneiert mat 50ct-Stongen déi der géint Gedrénks oder Iessen zum Schnapperpräiss aléise kennt!
An der Entrée froe mir dofir eng kleng Participatioun vu 5€. Mir freeën eis zesumme mat iech d'Kultur vun eisem Land ze feieren! Prost!