Stee

Verëffendlecht, den 07.10.2026 Stee

Léif Memberen,

 

Dënschdes, den 20.10.2026, ass et erëm sou wäit: eis laang erwaarte Stee am Kaktus steet un.

 

Dofir invitéiere mir iech alleguer, deen Owend um 18:00 Auer an de Kaktus ze kommen. Mir freeën eis op eng flott Stee mat iech.

 

Opgepasst op d'Reegelen! 

Et dierf een nëmmen steeë wann een seng Daf scho gemaach huet.

All Sale Bleu, deen seng Daf wëll matmaachen, muss sech vun engem Pätter oder enger Giedel steeë loossen. Dofir musst dir iech am Ufank vum Owend op d'Lëscht als Sale Bleu androen. Wann et un ierch ass gidd dir vun eis geruff.

 

Fir déi, déi dëst Joer fir déi éischte Kéier bei der Stee dobäi sinn an nach net genau wëssen, wat si erwaart:

 

D'Stee leeft ëmmer zu zwee of. Wann dir un der Rei sidd, kënnen déi gedeeft Memberen op iech bidden. Dee Member, deen um Enn dat héchste Gebot mécht, gëtt Äre Pätter oder Är Giedel.

 

Mir freeën eis op eng flott Stee mat iech alleguer!

Äre Comité