AVL Oktoberfest

Verëffendlecht, den 09.10.2026 AVL Oktoberfest

Gudde Moien an O'zapft is och dëst Joer!

Den 22. Oktober wäerte mir am Ponttor der bayrescher Traditioun nogoen an ab 20:00 mat Béier, Wurst a Brezel oder Käsespätzle als vegetaresch alternativ den Owend genéissen.

Fir 10€ kënnt dir hei de ganzen Owend vu Fräibéier, enger Alternativ a Softs profitéieren.
Fir 15€ kritt dir dann de Fräibéier oder d'Softs an eppes z’iessen.

Umeldung ass ob maximal 40 Persoune begrenzt, dei éicht si fir, also gitt Gas!

Well de ganzen Owend Boergeldlos oflafe soll, sidd dir gebieden de Montant bei erfollegräicher Umeldung schnellstméiglech op de Konto vum AVL ze iwwerweisen (LU18 0019 1755 6653 8000, „Däin Numm - Umeldung Oktoberfest 2026“). 
Wann de Betrag bis de 20. Oktober (23:59) net bezuelt ass verléiers du deng Plaz nees an eng aner Persoun op der Waardelëscht kritt spontan d’Chance sech unzemellen.

Déi passend Kleedung fir en Oktoberfest ass natierlech och erwënscht, also schmäisst iech an äre beschten Dirndl oder är schéinste Liedersbox, da kritt der suguer ee gratis Shot vun eis an der Entrée ;).

!WICHTEG! Mellt iech w.e.g. iwwer de follgende Forms un:
https://forms.gle/j4BXLhpx73aJxGEy9

Ein Prosit,
Äre Comité