Caférallye
Verëffendlecht, den 14.10.2026
Léif Cerclen,
léif Membere vum AVL,
Mir invitéieren iech häerzlech op eisen traditionelle Caférallye-Intercercle zu Oochen! 🖤💛
Dëst Joer hu mir nees 3 Deeg Programm fir iech virbereet. De Weekend geet vum 6. bis den 8. November.
📅 De Programm
Freides, 6. November – Wëllkommpatt
Um 20 Auer a eisem Stammcafé: de Kaktus. Den éischte Béier oder Softdrink geet op den AVL!
Samschdes, 7. November – Caférallye
De Rallye start um 13 Auer. D'Startgeld läit bei 10 € pro Persoun, de Fräibéier nom Rallye ass mat abegraff. Dëst Joer gëtt et nees, nieft Béier a Softdrinks, och en Drink fir déi, déi kee Béier drénken.
D'Ekippe kënnt dir selwer zesummestellen. Déi eenzeg Reegel: Maximal 10 Persoune pro Ekipp, dovun op d'mannst een Oochener an ee Sale Bleu!
Sonndes, 8. November – Brunch
Mir treffen eis um 11 Auer fir de Brunch. Fir 25 € sidd dir beim Rallye a beim Brunch dobäi.
Wien nom Brunch nach Zäit a Loscht huet, kann de Weekend an de Carolus Thermen ausklénge loossen. Aus eegener Erfarung: Et lount sech! 😉
💶 Umeldung & Bezuelung
Mellt iech w.e.g. bis den 1. November iwwert dësen Link un an iwwerweist de passende Montant esou séier wéi méiglech op de Kont vum AVL:
https://forms.gle/JpjrdjrypwvdMP1h7
10 € – Caférallye
25 € – Caférallye + Brunch
IBAN: LU18 0019 1755 6653 8000
Vermierk: Numm + Caferallye
🛏️ Iwwernuechtung
Mir bidden eng limitéiert Zuel u Schlofplazen un. Dir braucht also keen Hotel ze buchen! Et gëllt: First come, first served!
📲 Bleift um Lafenden!
Verfollegt eist FB-Event an eis Instagram-Stories: @avl_oochen.
Mir freeën eis op iech an op ee flotte Weekend zesummen!
Ären AVL-Comité 🖤💛