Dafversammlung
Verëffendlecht, den 19.10.2026
Léif gedeeften Membere vum AVL,
Den Méinden, den 2. November ass d’Dafversammlung um 18:00 am Chico Mendes hannen am Versammlungsraum.
Hei gëtt d' Daf geplangt a virbereet, d.h. en Thema gëtt gesicht, souwéi Spiller ginn iwwerluecht an opgedeelt.
Jiddereen deen seng Daf scho gemaach huet, ass hei häerzlechst agelueden, zumools Bleue vum leschte Joer si gär gesinn!
SALES BLEUEN AN LEIT DÉI NET BEI EIS GEDEEFT GOUFEN, SINN NET TOLERÉIERT!!!!!!!!!!!!!
Mir wiere frou, wann fill Léit kommen, fir dass d'Bleuen eng flott Daf kréien. Wann elo Léit deen Dag net kenne kommen, an awer gär eng Aufgab op der Daf wëllen iwwerhuelen, dann mellt iech einfach beim Anita Barthelmy.
Merci a bis dohin,
Ären Comité