Glühwäinsoirée a Kleeschen
Verëffendlecht, den 26.11.2026
Léif AVLer,
Nach puer mol gi mir schlofen…, da kënnt de Kleeschen op Oochen! 🎅🤶
Fir him a senge Gesellen e wierdegen Empfang ze bereeden, invitéiere mir iech den 9. Dezember op eis traditionell Glühwäinsoirée! 🍷
🕗 Start: 20:00 Auer
📍 Location: Paffenturm, Junkerstraße 68, 52064 Aachen
Fir 10 € Entrée heescht et de ganzen Owend All You Can Drink: Glühwäin (mat oder ouni Schoss: Amaretto/Rum), Béier an och eng alcoholfräi Optioun! 🍻
WICHTEG: Bréngt w.e.g. är eegen Taass oder Becher mat!
Fir de klengen Honger gëtt et Chili – och an enger veggie Versioun! 🌶️
🎁 De Kleeschen a seng Kolleeg:inne kommen och laanscht! Déi Brav kréie Schockela, déi manner Brav eng Visitt vum Housécker. 😈
Hëlleft dem Kleeschen erauszefannen, wien eppes verdéngt huet, a schéckt eis är bescht, peinlechst oder witzegst Geschichten iwwer iech an är Kolleeg:innen iwwer dëse Formulaire:
https://forms.gle/6q4zLcBVotewL42c6
Vläicht sidd dir jo selwer d’Zil vun enger klenger Iwwerraschung … 😏
🎄 DRESSCODE: Ugly Christmas Sweater oder soss chrëschtdaglech Accessoiren a Verkleedungen. Loosst iech eppes kreatives afalen!
Mir freeën eis op iech!
Bescht Gréiss vum Kleeschen & Co.
Äre Comité 💛🖤