Soirée de Bienvenue

Verëffendlecht, den 30.09.2026 Soirée de Bienvenue

Léif Ersties a natierlech all Memberen, 

mir freeën eis, och dëst WS rëm mat enger Soirée de Bienvenue anzeleeden. Wéi bal all Joer, handelt et sech em e Fräibéier mat Lëtzebuergeschem Béier domat dir eis Heemescht net ze vill vermësst, natierlech hu mir och un di Leit geduecht di keen Alkohol wëllen drénken, fir déi gellt och Fräi Softdrinks. Op dëser Soirée kënnen eis Ersties och hier Memberskaart kafen, an mat engem kenneléier Spill, Memberen wéi och aner Ersties kenneléieren. Natierlech dierfen och Memberen mat spillen !

 

Hei nach puer wichteg Infoe:

Location: Kaktus 

Start: 20:00

Entrée: 10€

Entrée + Memberskart: 20€

 

Mir freeën eis iech do ze gesinn, an d'Semester zesummen ze starten!

 

Mat beschte Gréiss,

Äre Comité