Allgemeng Notzungsbedingungen

Artikel 1 – Uwendungsberäich

Dës Allgemeng Notzungsbedingungen (ANB) sëtzen d’Bedingunge fir d’Aschreiwung op eisem Site https://www.avl.lu fest.

Artikel 2 – Definitiounen

Folgend Wieder ginn an dësem Dokument wéi folgend definéiert:

  1. AVL: Den Akademischer Verein d’Letzebuerger a.s.b.l. verbënnt Studenten vun an zu Oochen an handelt no den aktuellen Statuten.
  2. Ancien: All Persoun, déi op mannst een Joer Member vum AVL war.
  3. AVLer: All Persoun déi am Besetz vun enger gülteger Memberskaart ass an seng Daaf gemaach huet.
  4. Sale Bleu: All Persoun déi am Besetz vun enger gülteger Memberskaart ass an nach keng Daaf gemaach huet.
  5. Member: All Persoun déi Konditioun vum Ancien, AVLer oder Sale Bleu erfëllt an sech domat um Internet Site avl.lu aschreiwen kann.

Artikel 3 – Rechtlech Hiweiser

Den Akademischer Verein d’Letzebuerger Aachen a.s.b.l., ofgekiertzt AVL, iwersat Cercle des Étudiants Luxembourgeois à Aix-la-Chapelle, huet säin Sëtz zu 2, Avenue de l’Université, L-4365 Esch-sur-Alzette. D’Associatioun ass agedroen am « Régistre de commerce et des sociétés » ënnert der Nummer F3678.

Artikel 5 – Aschreiwung um Internetsite

  1. Aschreiwen kann sech all Member deen am Besetz vun enger gülteger Memberskaart ass. Mat der Ënnerschrëft op der Memberskaart akzeptéiert den zukünftegen Member, dass hien Statute vum AVL gelies an akzeptéiert huet.
  2. Beim Umellen um Site avl.lu mussen eng Rei vun Informatiounen ugi ginn. All Informatioun, déi dobäi explizit ugi gëtt, däerf am System vum AVL gespäichert an intern verwalt ginn. Den AVL däerf och d’IP-Adress vun der ugemellter Persoun souwéi den Aschreiwungsdatum an Aschreiwungsauerzäit späicheren.
  3. Mat der Aschreiwung um Site avl.lu akzeptéiert de Member, dass hien zwee mol am Joer (eemol pro Semester) eng Email mat engem Communiqué fir dat kommend Semester geschéckt krit.
  4. Weiderhin akzeptéiert de Member, dass hien Emailen vun Drëtten, déi am Zesummenhang mam Veräin hänken weidergeleet kritt. Do drënner falen Emailen vun den Sponsoren vum AVL déi an éischter Linn Jobofferen an Stageplazen beinhalten an Emailen déi vun der ACEL a.s.b.l ausgin an iwwert Intercerclen oder aaner informativ Themen zum Studenteliewen bäidroen sollen.

Artikel 6 – Bild- an Tounmaterial

  1. All Member akzeptéiert, dass wärend enger Aktivitéit vum AVL Bild- an Tounopname vun him kënne gemaach ginn. Dat entstanent Bild- an Tounmaterial däerf vum AVL-Comité beaarbecht an um Site avl.lu publizéiert ginn.
  2. All Member deen der Reegelung vum Artikel 6.1 widdersprécht, muss dëst virun all Aktivitéit engem Member vum AVL-Comité explizit matdeelen.
  3. Sale Bleuen hun begrenzten Zougang op Bild- an Tounmaterial. Soubal een Sale Bleu seng Daaf gemaach huet, gëtt den Zougrëff fräigeschalt.
  4. Mat Ausnam vun der Reegelung 6.3 kann Bild- an Tounmaterial nëmmen vun Memberen gesinn gin. All aner Persounen hun keen Zougrëff op Bild- an Tounmaterial.
  5. All Member deen Zougrëff op Bild- an Tounmaterial huet, kann des och eroflueden. Am Fall vun engem Mëssbrauch mat den erofgeluedenem Bild- an Tounmaterialien iwwerhëlt den AVL KENG Responsabilitéit.
  6. Bestoend Bild- an Tounmaterial gëtt vum alen Site op den neien Site iwwerholl. Am Fall vun engem Mëssbrauch vun den bestoenden Bild- an Tounmaterialien iwwerhëlt den AVL KENG Responsabilitéit.
  7. Bild- an Tounmaterial wat um Internet Site verëffentlecht gëtt, kann vum AVL-Comité fir Publikatiounen genotzt an un Drëttpersounen weidergin gin.
  8. Ënnert d’Reegelung vum Artikel 6.7 falen folgend Publikatiounen:
    • a. Verëffentlechen vun der Publikatioun "Um Karel" als Drockformat an pdf-Datei, déi zwee mol am Joer erschéngt.
    • b. Benotzen vun Bild- an Tounmaterial an Artikelen déi um Internetsite avl.lu stin an am Intressi vum AVL stin.
    • c. Benotzen an verëffentlechen vun Bild- an Tounmaterial op ëffentlechen Plattformen als Bildcover fir eng Soirée oder an Beiträg déi am Intressi vum AVL stin.
  9. Bild- an Tounmaterial kann vun engem Memberen op den Internetsite avl.lu eropgelueden ginn. An deem Fall gëtt den Member seng Rechter um Bild- an Tounmaterial un den AVL of.
  10. Dat vun dem Member eropgelueden Bild- an Tounmaterial gëtt vun den Comitésmemberen iwwerpréift befiert et ëffentlech gesat gëtt an domat fir all Member siichtbar ass. Am Fall, dass dat eropgeluedend Bild- an Tounmaterial als perséinlech ugräifend oder illegal ugesinn gëtt, gëtt d'Bild- an Tounmaterial net fräigeschalt a ggf. geläscht.
  11. Läschen vun Fotoen: All Member huet Recht net-ugepassten an perséinlech ugräifend Bild- an Tounmaterial duerch eng Email un comiteavl.lu ze mellen an domat d'Läschen vum Bild- an Tounmaterial unzefroen oder sech um Bild- an Tounmaterial onkenntlech machen ze loossen.
  12. Publikatiounen an Artikelen déi Bild- an Tounmaterialien beinhalten souwei Bild- an Tounmaterialien selwer dei um Internetsite avl.lu publizéiert sin, bleiwen och no der Vertragsdauer, laut Artikel 9, bestoen.

Artikel 7 – Dateschutz

  1. D’Dateschutzbestëmmungen vum Internetsite vum AVL kënnen op https://www.avl.lu/dateschutz/ fonnt ginn.
  2. Andeems dës ANB akzeptéiert ginn, ginn och d’Dateschutzbestëmmungen laut 7.1 akzeptéiert.
  3. Den AVL mëscht alles a senger Muecht fir d’Dateschutzgesetz EU 2016/679 (DSGVO/RGPD/GDPR) anzehalen.
  4. All Member akzeptéiert, dass den AVL Daten u Sous-Traitante ënnerhalb vun der Europäescher Unioun weidergëtt. All Sous-Traitant ass mat engem spezielle Vertrag, laut DSGVO, zu der Geheimhaltung vun dësen Date verflicht.
  5. Den Member kann d’Berichtegung vu sengen Daten duerch eng einfach E-Mail un comiteavl.lu ufroen.
  6. Den Member kann zu all Zäit Informatiounen iwwert hien um Site avl.lu änneren. Ënnert déi Informatiounen falen déi am Dateschutz opgelëschten "Persounebezunn Daten". Weiderhin kann zu all Moment een neit Passwuert festgeluecht gin.
  7. Den Member kann d’Läschung vun der Integralitéit vu senge Benotzer-daten duerch eng E-Mail un comiteavl.lu ufroen oder dëst selwer a sengem Benotzerberäich maachen. Dëst verhënnert ënner Ëmstänn den Zougang op den Internetsite avl.lu, well all gefroten Informatioun wichteg fir den Zougrëff op den Site ass.
  8. Den Member kann d’Gesamtheet vun den iwwert hie gespäicherten Daten ufroen. Dëst och iwwert d’Adress comiteavl.lu. Doduerger verléiert de Member seng Memberschaft.
  9. Den Member akzeptéiert, dass säin Numm, seng Adress a säi Gebuertsdatum un Drëttpersounen weidergin kann gin. Dëst kann ënnert Ëmstänn den Fall sin wann een méi aussergewéinlech Evenement, wou déi Daten vun Notzen sin, organiséiert gëtt.
  10. Ausser dem Punkt 7.9 gi keng Daten un Drëtter weiderginn.

Artikel 8 – Ännerunge vun den ANB

Den AVL behält sech vir, d’ANB zu all Moment ze änneren. Den Member muss déi geännert ANB nei akzeptéieren. All Member wien net mat den Ännerungen averstanen ass, kann eng Email u comiteavl.lu schécken fir d'Läschen vun sengem Kont unzefroen.

Artikel 9 – Vertragsdauer

Dëse Vertrag trëtt zum Moment vun der Umeldung an domat dem Akzeptéieren vun den ANB a Kraaft an ass bis zum Zäitpunkt wou den Member läschen vun sengem Kont iwert comiteavl.lu ufreet gülteg.

Article 10 – Erfëllungsuert a Jurisdiktioun

Fir dës ANB gëllt d’Lëtzebuerger Recht.

Stand: 28. Juni 2020