Nouteconverter

Den däitschen Noutesystem ass anescht wéi de lëtzebuergeschen. Wärend d'Lëtzebuerger eng Nott vu 60 verginn (alles iwwer 30 gëllt als bestanen), hunn di Däitsch e ganz anere System, dee bei Héichschoulen och nach eng kéier e bëssen anescht ass wéi an hiren anere Schoulen.

Den däitschen Héichschoul-System

Op däitschen Héichschoulen gëllt eng 1.0 als beschten Nott. Alles wat "driwwer" as (1.3, 1.7, ...) gëllt als méi schlecht. Dobäi ginn ëmmer nëmmen Nouten an 0,3-Schrëtter (an 0,4) verdeelt (ausser a berechente Moyennen). Zousätzlech gëtt et keng Nott tëschent 4.0 a 5.0. Mat anere Wierder, folgend sinn d'Nouten, di verdeelt ginn: 1.0, 1.3, 1.7, 2.0, 2.3, 2.7, 3.0, 3.3, 3.7, 4.0, 5.0.
Dobäi Gëllt alles besser ewéi 5.0 als bestaan an d'5.0 ass domadder di eenzeg Datz. (Dat heescht awer net, dass een dofir manner schaffe muss; oft brauch ee 50% vun de Punkten am Examen fir eng 4.0 ze kréien)

Pour info: An der Primärschoul an am Secondaire an Däitschland gëtt et oft nach eng 6.0. Méi Informatiounen op Wikipedia

Zu Oochen

Mir hu weder vun der RWTH, nach vun der FH offiziell Informatiounen iwwer d'Ëmrechnungen vum Lëtzebuerger System an den däitschen. Vum Cedies hu mir allerdéngs eng Tabell krut, déi op verschiddenen Unie benotzt gëtt a mir hunn erfahrungsgeméiss festgestallt, dass sech d'RWTH an d'FH un dës Tabell halen. De Converter hei ënnendrënner rechent eng lëtzebuergesch Nott an eng däitsch a vice-versa ëm. Folgend ass d'Tabell:

Lëtzebuergesch Note Däitsch Note Lëtzebuergesch Note Däitsch Note
30 4.0 40 2.5
31 3.8 41 2.3
32 3.7 42 2.2
33 3.5 43 2.0
34 3.4 44 1.9
35 3.2 45 1.7
36 3.1 46 1.6
37 2.9 47 1.4
38 2.8 48 1.3
39 2.6 49 1.1
50-60 1.0
Gëff hei eng Lëtzebuergesch Note an, dis du an eng Däitsch Note ëmrechne wëlls.
Gëff hei eng Däitsch Note an, dis du an eng Lëtzebuergesch Note ëmrechne wëlls.