Geschicht

D'Geschicht vum AVL ass staark mat der Geschicht vun der RWTH verlinkt. Wéi d'RWTH 1870 hir Dieren opgemaach huet, hunn sech schonn e puer lëtzebuergesch Studenten do ageschriwwen. Puer Joer dono, am Oktober 1897, hunn d'Lëtzebuerger den "Akademischer Verein d’Lëtzebuerger" gegrënnt. Ursprénglech eng Studenteverbindung, huet sech doraus de Fixpunkt vum studenteschen Liewen vun vill zu Oochen ageschriwwen Lëtzebuerger entwéckelt. D'Statuten hunn op deenen vun den däitschen an belschen Studenteveräiner an Verbindungen baséiert. An den zuelräich Evenementer vum AVL konnt an den Ufanksdeeg den Motto "Rull de Waak" gelieft ginn. Dobäi gouf ëmmer drop opgepasst de Kontakt zu aner Studenteveräiner, wéi déi vun den Benelux-Länner, ze halen.

An Ofhängegkeet vun der jeeweileger politescher an wirtschaftlecher Lag an Lëtzebuerg an Däitschland hunn d'Unzuel vun den ageschriwwenen Veräinsmemberen iwwer d'Joren staark variéiert. Sou huet den AVL missen wéinst dem 2. Weltkrich wéinst Feelen un Memberen bis 1952 suspendéiert ginn. Dobäi huet de Krich d'Verhältnis tëscht lëtzebuergeschen an däitschen Studenten an bedeitendem Ausmooss belaascht, wat an den Joren vun der Rekonstruktioun, an nach vill Joren duerno, zu enger staarker Ofgrenzung tëscht dem AVL an den däitschen Matstudenten gefeiert huet. An den vergaangenen Joerzéngten huet sech des erëm relativéiert, d'Iwwerhieflechkeet géigeniwwer den "Preisen" ass zeréck gaangen.

An den jéngsten Joren huet den AVL eng relativ stabil Unzuel un Memberen vun ongeféier 200 Studenten. Obwuel sech d'Struktur an d'Praktiken vum Veräin iwwer d'Joren hin staark verännert hunn, sinn vill Traditiounen - zum Deel bëssi moderniséiert - erhalen bliwwen. Nei Memberen (Sales bleus) ginn enger (optionaler) Daf ënnerzunn, bei der et gëllt puer Muttprouwen an Drénkspiller ze iwwerstoen. Sportlech beweist sech den AVL bei munchen studentesch Turnéieren, wei den "Tournoi de l’Ambassadeur" an dem "Tournoi de Noël", souwéi dem Staffellaf, den vun der Oochener Maartplaz bis zu enger Gemeng zu Lëtzebuerg feiert. Am traditionellen Oochener Männerchouer ginn d'Stëmmbänner trainéiert an lëtzebuergesch Vollekslidder astudéiert, déi dann bei offiziellen an inoffiziellen Evenementer virgedroen ginn. Verschidden Feieren, wei d'Ponttorfeier oder d'Soirée de Bienvenue, suergen fir Gesellegkeet an reegen den Austausch tëscht den Memberen un. Ofgesinn vun den offiziellen Aktivitéiten treffen sech d'AVL Memberen reegelméisseg an dem Lëtzebuerger Stammcafé, dem Café Kaktus an der Pontstrooss, fir sech vum Klausurstress ofzelenken, zesummen z'iessen, ze drénken oder Fussball ze kucken.

Och wann an den vergaangenen Joren de studentesche Folklor vun den Ufanksdeeg zréckgaangenen ass, sou bleift den AVL weiderhin een wichtegen Bestanddeel vum studenteschen Liewen fir vill lëtzebuergesch Studenten zu Oochen.