Den AVL-Chouer

Männerchouer

Eng vun den eelste studenteschen Traditiounen zu Oochen ass den Oochener Chouer. 1962 gouf en zu Ooche vum Organist Charles Meyers an dem Solist Jean Martin ënnert dem Numm "akademischer Männerchor" gegrënnt. Hannergrond war eng Ufro vum lëtzebuerger Botschafter Hommel den eng Ënnerstëtzung fir déi geschwächte Kolonie zu Köln Nationalfeierdag beim "Te Deum" an der Kierch "Maria Königin" gesicht huet. Dës schéin Traditioun huet sech bis haut gehalen. Am Joer 2021 ass no längerer Diskussioun de Männerchouer dann offiziell zum AVL-Chouer ëmbenannt ginn.

Den Répertoir vum Chouer as villsäiteg an ofwiesslungsräich. Ob traditionell Folklor oder lëschteg Drénklidder, den Männerchouer léisst sech näischt entgoen. Bekannt ass en virun allem durch d'Lidd "Den Oochener Student". Dëst Lidd gouf 1991 vum Marcel Belche alias Bab komponéiert. Op d'Melodie vun "Mariechen war ein Frauenzimmer" huet hien en Text geschriwwen, deen senger Erfahrung no den "typeschen" Oflaf vum Studentenliewen zu Oochen beschreiwt.

An den läschten Joeren hunn sech ëmmer neess Geleenheeten erginn fir ausserhalb vun studenteschen Aktivitéiten opzetrieden. Sou gëtt et all Joer zum Beispill en Krëschtconcert, oder den Männerchouer trëtt bei Hochzäiten vun ehemolegen oochener Studenten ob. 2005 gouf ënnert der Leedung vum Pascal Theis eng CD opgeholl déi en groussen Deel vun den vum Chouer gesongenen Lidder ofdeckt.