Dateschutzerklärung

Andeems du den AVL-Site (www.avl.lu) benotz, gi verschidde Saache vun dir gespäichert. Du hues laut GDPR (DS-GVO), dem Europäeschen Dateschutzgesetz, eng Rei vu Rechter. Andeems du den AVL-Site besichs oder Member vum AVL gëss, akzeptéiers dëss Dateschutzerklärung.

Wat mir späicheren hängt dovunner of, obs du nëmmen de Site benotz oder obs du Member beim AVL bas.

Benotzung vum Site

Bei all Visitt späichere mir Informatiounen zu Statistik-Zwecker. Virun der Späicherung an der Auswäertung gin d’integral Daten anonymiséiert. Dohier handelt et sech heibäi nët méi ëm persounebezunnen Donnéeën. Et gëtt also keng Méiglechkeet, fir kënnen eng Dateläschung bei eis unzefroën, well d’Daten, déi vun engem bestëmmte Benotzer generéiert goufen nët méi ze identifizéiere sin. Fir déi statistesch Auswäertung benotze mir keng extern Déngschter mee just en interne System, dee komplett am Sënn vun der DS-GVO opgebaut ass. Deemno kann de Benotzer och a sengem Browser d’Funktioun “Do not track” uschalten an eise System hält sech dann un déi Uweisung.

Mir späichere folgend Informatiounen fir statistesch Zwecker a gin nii geläscht: Folgend Informatioune späichere mir fir Secherheetszwécker a gi während der legaler Dauer gehaalen:

AVL-Member sin

Wanns du AVL-Member bas späichere mir folgend Informatiounen iwwert dech:

Dës Informatioune kënne mat der entpriechender Funktioun am Userpanel geläscht ginn. Et gin allerdengs Informatiounen, déi fir d'Memberschaft vum AVL rechtlech gebraucht ginn. Wëll de Member dës Informatioune läsche loosen, muss hien sech un de Comité wenden. Dobäi verléiert hie seng Memberschaft.

Laut DSGVO hues du ënner aanerem folgend Rechter:

Fir vun denge Rechter Gebrauch ze man, schreiw eis un!

Stand: 28. Juni 2020