De Veräin

Rull de Wack Wéi 1870 déi Rheinisch-Westfälische Technische Hochschule-RWTH hir Dieren fir Studenten opgemaach huet, waren och déi eicht Lëtzebuerger ageschriwwen. Nodeems dës eicht op der RWTH ageschriwwen Lëtzebuerger Studenten an ënnerschiddlechen Studenteveräiner, ënnert anerem am „Verein der Chemiker und Hüttenleute“ – VChH ageschriwwen waren, ass am Oktober 1897 den AVL – Akademesche Veräin d’Lëtzebuerger gegrënnt ginn. Fir weider spannend an intressant Literatur sief op den „Rull de Waak“ vermierkt, deen dir um Site aachen.lu fannt.

Iwwert dësen laangen Zäitraum huet Liewen als Student sech verännert an weider entwéckelt an domat och Veräinsliewen am AVL seng Entwécklung duerchgemaach. An den aktuellen Joren zielt den AVL eng relativ stabil Unzuel vun ongeféier 200 Memberen. Den Virstand gëtt all Joer nei gewielt an besteet an der Reegel aus 7 bis 11 Komiteesmemberen.

Als ASBL verfollegt den Veräin Ziel Lëtzebuerger Studenten zu Oochen zesummenzebréngen an den Austausch ënnerteneen ze fërderen. Sou soll een Zesummeliewen niewent dem Studium garantéiert ginn an Frëndschaften aus der schéinster Zäit-dem Studium- fir Zukunft geschaaft ginn. Doniewent steet den Comité an reegelméissegem Kontakt mat aneren Cerclen wei och der ACEL, dem Daachverband vun den Studenten, fir dat ganzt Joer iwwer een flotten Programm zu an och ausserhalb vun Oochen ze erméiglechen.

Unzefänken ass dobäi beim „Student fir een Dag“. Dësen gëtt an Zesummenaarbecht mat der ACEL organiséiert an erméiglecht den Schüler een Abléck an Liewen als Student. Hei kennen si sech een Bild vun der ausgewielter Stad maachen an konkret Froen iwwert den Studium stellen.

Beachvolleyball Wann een sech dann fir Oochen entscheet huet an säin Studium untrëtt, ass den AVL eng Méiglech eicht Ulafstell fir mat aneren Studenten an Kontakt ze kommen. Dat ganzt fënnt ënnert der traditioneller „Soirée de Bienvenue“ statt. Dobäi treffen sech Memberen souwéi déi zukünfteg Memberen am „Café Kaktus“ fir sech bei engem Lëtzebuerger Béier auszetauschen an kennenzeléieren.

Zum Studenteliewen an fir déi iwwert Joren entstanen Traditioun oprecht ze erhalen kennen sech déi nei Studenten, och „Sales Bleus“ genannt, fir eng „Daf“ umellen. Hei kennen si sech bei verschiddenen Muttprouwen beweisen an sech besser kenneléieren. Fir dass dës Daf reiwungslos iwwert Bühn geet, gëtt et virdrun eng traditionell „Stee“ wou „Sales Bleus“ un gestanen Studenten versteet ginn. Den meeschtbiddenden gëtt deemno den Pätter bzw. Giedel vum „Sales Bleues“ an steet den neien Studenten mat Rot an Dot op sengen éischten Schrëtt zur Säit.

Tournoi de l'embassadeur Fir beim Traditionellen ze bleiwen - Den AVL verbënnt säit laangen Joren den Kontakt zu aaneren Cerclen wei zum Beispill Leck, Louvain an Bréissel. Aus dësem Grond gëtt all Joer een Fussballturnéier organiséiert, den „Tournoi de l’ambassadeur“. Eng ongeschriwwen Reegel beseet dobäi dass den Gewënner deen aus dem Tournoi ervir geet am Joer drop den Gaaschtgeber soll sinn.

Staffellaaf Sportlech sinn och weider Aktivitéiten dat ganzt Joer iwwer. Ënnert anerem gëtt dofir gesuergt dass d’Memberen sech reegelméisseg kennen treffen fir Volleyball, Fussball, Basket oder och Badminton spillen ze goen. Dëst ass ënnert anerem eng gutt Virbereedung op den alljäregen „Tournoi de Noël“ deen zu Lëtzebuerg stattfënnt an vun der ACEL organiséiert gëtt. Op dësem Event konnt den AVL schonn e puer eicht Platzen fir sech entscheeden an déi eng oder aner Coupe mat heem huelen. Weiderhin gëtt all Joer een „Staffellaf“ organiséiert. All Member kann sech umellen an een Deel, an Form vun lafen, dozou bäidroen dass den Staf vum Rathaus vun Oochen aus bis an eng Gemeng an Lëtzebuerg gedroe gëtt.

Tournoi de Noël Fir den Kontakt zu den Ex-Studenten ze halen gëtt all Joer een „Match géint Ancien“ organiséiert. Hei kennen eis Ancien AVL’er beweisen dass si nach ëmmer mat den Studenten mathalen kennen.

Männerchouer Een Gesangsveräin haten virun enger gudder Zäitchen nach vill Cerclen an Studenteveräiner. Leider fannen déi traditionell Lidder ëmmer manner Unerkennung bei jonken Léit. Och wann den Toun an eisem „AVL-Chouer“ (fréier „Männerchouer“) net ëmmer grad op den Punkt ass, sinn mir trotzdeem houfreg nach esou een Chouer ze hunn an eisen Memberen Méiglechkeet kennen ginn méi oder manner reegelméisseg e puer Lidder wei „Kätchen Kätchen“ oder „De gekachten Kéis“ sangen ze kennen.

Kulturrees Eng gréisser Ugeleeënheet bitt eng „Kulturrees“ un. Eis Memberen hunn hei Méiglechkeet zesummen fir puer Deeg an eng ausgewielten d’Stad ze reesen an do nei Saachen ze gesinn. Et gëtt sech beméit fir der Nofro un Intressanten an Kuckenswäerten Saachen gerecht ze ginn. Dat ganzt geet vun Visitten vun spannenden Gebaier bis hin zu Touren duerch Firmaen déi all Ingenieurhäerz méi héich schloen léist. Natierlech fënnt een och hei mol den Wee bis an eng Disco oder versicht den Kontakt zu aneren Leit aus dem Cercle vun der jeeweileger Stad opzebauen.

Ponttorfeier 2018 Wei déi meescht Lëtzebuerger Cerclen huet och den AVL een Intercercle fir den Kontakt mat aneren Lëtzebuerger ze fërderen. All Member vun engem Cercle kann dobäi participéieren. Zu Oochen kommen sou all Joer eng 100 Leit zesummen fir op enger „Café Rallye“ een Tour duerch Stad ze maachen. Ënnerwee ginn et Froen ze beäntweren an Spiller ze meeschteren fir um Enn vum Owend d’Gewënnergrupp ze sinn.

Ponttorfeier 2018 Nach ëmmer war RWTH een beléift Ziel fir zukünfteg Ingenieuren an Wëssenschaftler. Aus dësem Grond ass den AVL all Joer op een Neits frou fir Mataarbechter aus ënnerschiddlechen Firmaen a Gesellschaften vun Lëtzebuerg op déi bei den Memberen beléift „Ponttorfeier“ zu Oochen ze invitéieren. Hei kréien eis Memberen déi ënnerschiddlech Firmaen virgestallt an hunn Chance an engem besonneschen Kader sech mat Mataarbechter ze ënnerhalen. Dëst bitt eng besonnesch an eemoleg Erfarung fir konkret iwwert den zukünftegen Aarbechtsmarché informéiert ze ginn.

Allgemeng ass den AVL een ganz aktiven Cercle deen op eng flott an intressant Geschicht zréckblécken kann. Déi onzieleg Aktivitéiten mat ganz ënnerschiddlechem Charakter déi dat ganzt Joer iwwer stattfannen, sinn engersäits gepräägt duerch Traditiounen déi den AVL an Verbindung mat der Universitéit an och mat Lëtzebuerg huet. Anerersäits ass et d’Stad Oochen déi mat engem Studentenundeel vun 23% immens jonk an dynamesch ass, dat modernt Zäitalter an eis Memberen, déi d’Liewen als Student zesummen mat eisem Cercle eenzegaarteg an liewenswäert maachen.