RWTH - Rheinisch-Westfälische Technische Hochschule Aachen

D'RWTH ass mat méi wéi 44.000 Studenten déi gréissten Uni zu Oochen an däitschlandwäit déi gréissten Uni fir technesch Studiegäng. Besonneg bekannt ass d'Uni fir hier Ingenieurswësseschaften, Naturwësseschaften a Wirtschaftswësseschaften an zielt zu den Exzellenzhéischschoulen.

Informatioune fir international Studenten fënnt een op dëser Säit: Besonderheiten internationale Studieninteressierte.

Wat kann een op der RWTH studéieren?

D'RWTH bidd iwwer 150 Studiegäng un. Dorënner faale klassesch Ingénieursfächer wéi Maschinebau oder Bauingénieur, aawer och Wirtschaftsingénieur, BWL (Betriebswirtschaftslehre; Eco) oder Natuerwëssenschaften: Souwuel Bio, Physique, Chimie, Mathé wéi och Info kann een op der RWTH studéieren. Eng komplett Lëscht fënns du op dësser Säit vun der RWTH. Dobäi sinn d'Fächer a folgend Fakultéiten opgedeelt:
  • Fakultät 1 - Mathematik - Informatik - Naturwissenschaften
  • Fakultät 2 - Architektur
  • Fakultät 3 - Bauingenieurwesen
  • Fakultät 4 - Maschinenwesen
  • Fakultät 5 - Georessourcen und Materialtechnik
  • Fakultät 6 - Elektrotechnik und Informationstechnik
  • Fakultät 7 - Philosophische Fakultät
  • Fakultät 8 - Wirtschaftswissenschaften
  • Fakultät 10 - Medizin

Weider Informatiounen zu dëse Fakultäten fannt der HEI.

Wat kann een op der RWTH NET studéieren?

Nët studéiere kann een zu dësem Zäitpunkt Fächer wéi Design, Sport, Droit (Jura). Ausserdem ginn et keng Bachelorstudien op Englesch.

Präiss

A ganz Nordrhein-Westfalen (NRW) bezillt de Staat d'Unis-Käschte fir all Student - och international Studenten. Du muss nëmmen e Studéierendebäitraag bezuelen (ëm déi 300€ am Semester). Dee Bäitraag enthält ënnert aanerem sozial Kontributiounen, mee gréisstendeels gëtt domadder d'Semesterticket (Bus an Zuchticket) bezuelt (siehe FAQ).
Denk aawer drun, dass d'Uniskäschten nët alles ass, wat ufällt: Wunneng, Iessen, Internet, Stroum, ...

Unerkennung vum Premières-Diplom

Laut engem Beschkoss vun der Kultusministerkonferenz (KMK) vum 2.6.1995 gëllt en "Diplôme de Fin d'Études Secondaires" oder en "Diplôme de Fin d'Études Secondaires Techniques" als Unerkennung vun der "Algemeinen Hochschulreife" duer. Méi Informatioune bei anabin.kmk.org.

Sprooch

All d'Bachelorstudiegäng sinn un der RWTH op Däitsch. Verschidde Masterstudiegäng sinn op Englesch. Fir zu engem Studiegang zougeloos ze ginn, muss een, je no Studiegang, e gewësse Sproochenniveau an där Sproch nooweisen. Laut engem Beschkoss vun der Kultusministerkonferenz (KMK) vum 2.6.1995 geet en "Diplôme de Fin d'Études Secondaires" oder en "Diplôme de Fin d'Études Secondaires Techniques" duer fir ze beweisen, dass du genuch Däitsch kanns fir an Däitschland en däitscht Studium unzefänken. D'RWTH hält sech un dëss Regelung. Méi Informatioune bei anabin.kmk.org.
Fir d'Studiegäng op Englesch gëtt am Regelfall e B2 gefroot. Empiresch hu mir festgestalt, dass och hei den "Diplôme de Fin d'Études Secondaires"/"Diplôme de Fin d'Études Secondaires Techniques" duergeet fir de Sproochennoweis ze leeschten. Offiziell Informatiounen hu mir doriwwer aawer nët.

Zouloosungsbeschränkung/Numerus Clausus (NC)

Verschidde Studiegäng sinn "zouloosungsbeschränkt" (ët brauch een eng Mindestnote fir ranzekommen (NC)). Dëss Studiegäng brauchen eng Bewerbung - je no Studiegang bei der RWTH selwer (RWTHonline) oder iwwer d'Websäit Hochschulstart (z.B. fir d'Medezin oder Zännmedezin). Aaner Studiegäng sinn "zouloosungsfräi": ët kann een sech einfach esou aschreiwen.

Wat brauch ech fir mech anzeschreiwen?

 Online AschreiwungAschreiwung am Studierendensekretariat
1Copie conforme vun ärem DiplomDiplom am original (kritt der direkt neess zeréck!)
2Enveloppe DIN A4 mat ärer Adress an engem Timber fier d'Äntwert Bei engem zulassungsbeschränkten Fach: Zulassungsbescheid vun der RWTH
3Falls en Stage néideg ass fier kënnen daat Fach ze studéieren: Beweis dat der den Stage gemacht hutt
4 Falls fier ären Studiengang en SelfAssessment/FachAssessment gefuerdert gët: Noweisen kënnen dat der dorunner Deel gehol hutt
5Carte d’identité/Reespass oder Passersatzdokument
6Krankenkeesbescheinigung vun der AOK Aachen

Weider Informatiounen zu der Aschreiwung fënns du op dësser Säit.

Anschreiwungsdatum

Bewerbungsfristen

  • Zulassungsbeschränkt Studiengäng (1. Fachsemester): Bis Mëtt Juli
  • Zulassungsbeschränkt Studiengäng (méi héch Semester): Bis Mëtt September

Anschreiwungsfristen

  • Zulassungfräi Studiegäng: Mëtt September bis Enn Oktober
  • Zulassungsbeschränkte Studiegäng: Frist am Zulassungsbescheid