Oft gestallte Froën

Wat si Rundfunkgebüren a wéini muss ech déi bezuelen?

Al Haushalt an Däitschland muss fir den ëffentlech-rechtleche Rundfunk e Beitrag vu 17,50 Euro de Mount bezuelen. Dëse fält op d'Wunneng un, dat heescht och wann een zu 3 an enger Wunneng wunnt, muss nëmmen eng Kéier dëse Betrag bezuelt ginn. D’Leit aus enger WG sollen sech dann ennz ginn an d’Fraisen da gläichméisseg ënnerteneen opdeelen.

A gewëssene Fäll kann een sech (persounebezunn) vun dësem Beitrag befreien. Dëst ass de Fall soubal ee vum Lëtzebuerger Staat e „Sozialbeitrag" an der Bourse kritt. An enger WG muss jiddereen d’Sozialbourse kréien fir d'Befreiung ufroen ze kënnen. Wann dëst de Fall ass, läit bei deem gielen Ziedel deen ee vum Cedies heemgeschéckt kritt ee weideren Ziedel derbäi. Dëse muss der bei ärer Äntwert op dem Bréif vun ARD/ZDF matschécken a soumadder sidd dir fir dat Joer vun de Rundfunkgebühre befreit.

Wat as dën Ënnerscheed tëscht Bewerbung an Einschreibung?

Eng Bewerbung ass sou ze verstoen, dass du ugefrot hues op der ausgewielter Uni ze studéieren. Wann deng Bewerbung negativ ausfält, dann hues du villäicht net déi néideg Virbildung oder am Fall vun engem "Zulassungsbeschränkten Studiengang" net dei néideg Punktzuel. Wann deng Bewerbung positiv ausfält, dann hues du eng Zoulossung fir op der Uni dierfen ze studéieren. Dat heescht awer net dass du och ageschriwwen bass. Du hues dir bis dohin nëmmen deng Platz geséchert. No der Bewerbung muss du dech dann nach Aschreiwen fir vollstänneg op der Uni ageschriwwen ze sinn.

Wei kréien ech ee "Bewohnerparkausweis"?

Ee "Bewohnerparkausweis" kritt een op deem Biergeramt, wou een sech umelle geet.
Weider Informatioun fann dir op dësem Link:
http://www.aachen.de/DE/stadt_buerger/verkehr_strasse/clevermobil/parken/bewohnerparken/bewohnerparkausweis.html

Kréien ech e Parkschäin fir mäin zu Lëtzebuerg ugemellten Auto?

En Bewohnerparkausweis kritt een nëmmen dann, wann deen zu Lëtzebuerg ugemellten Auto NET op den Student ugemellt ass. Den Auto muss op een vun den Elteren ugemellt sinn.

Brauch ech als Lëtzebuerger e Sproochentest?

Laut engem Beschkoss vun der Kultusministerkonferenz (KMK) vum 2.6.1995 geet en "Diplôme de Fin d'Études Secondaires" oder en "Diplôme de Fin d'Études Secondaires Techniques" duer fir ze beweisen, dass du genuch Däitsch kanns fir an Däitschland en däitscht Studium unzefänken. D'RWTH hält sech un dëss Regelung. Méi Informatioune bei anabin.kmk.org

Wat as e Semesterticket?

E Semesterticket as en Zuchticket, deen a ganz Nordrhein-Westfalen (NRW) fir den Nooverkéier (Bus, Zuch, keen ICE oder IC) gëllt. Dëssen Ticket gëtt duerch de Studierendenbeitrag (obligatoresch) bezuelt, deens du bezuele muss. Demno huet all Student esou e Semesterticket.

Wéi froën ech d'Cedies-Bourse un?

Är Bourse kennt dir entweder um Pobeier oder iwwert MyGuichet. https://cedies.public.lu/fr/obtenir-aide-financiere/bourse-pret.html Ënnert dësem Link fann dir ee Simulator, deen iech op ongeféier ausrechent wat dir géift an ären Ëmstänn kréien: https://cedies.public.lu/fr/obtenir-aide-financiere.html

Op wéi engem Site kann ech no Wunnenge sichen?

  • Immoscout24, ebay-Kleinanzeigen, Immonet, Immowelt
  • wg-gesucht.de
  • Facebook-Gruppe fir Wunnengen
  • AVL-Grupp

Wat ass eng "Elternbürgschaft", a brauch ech eng fir meng Wunneng a wou kréien ech déi hier?

Hei handelt et sech leedeglech ëm eng Sécherheet fir de Proprietär, datt am Fall vun enger Zahlungsonfäegkeet deng Eltere géife fir dech bezuelen.

Dëst variéiert vu Fall zu Fall, mee sou eng Elternbürgschaft ze hunn ass ni schlecht. Am Normalfall steet dëst an der Beschreiwung vun der Annonce. Viraussiichtlech kann een sech ëmmer eng provisoresch vum Internet eroflueden. Schlussendlech kritt een dann (normalerweis) eng vum Proprietär beim Mietvertrag.

Wéi ee Praktikum muss ech fir Maschinnebau, Ingenieur , … maachen ?

Genau Erklärunge sti bei der RWTH oder der FH bei denger genauer Fachrichtung um Site. Prinzipiell handelt et sech ëm 4-8 Woche Stage, déi ee bis zu senger Bacheloraarbecht  gemaach muss hun. Fir spéider, während dem Studium  kee Stress ze kréien, ass et net schlecht, wann een dëse Stage schonn am Viraus gemaach huet. Interessant Firmen sinn : Goodyear, Paul Wurth, Arcelor, … mee och méi kleng Betriber an Autosgaragen. Bei weidere Froe kënnt dir iech ëmmer un de Praktikumsbüro vun ärer Uni riichten.

Wéi ee Laptop soll ech mir fir op d'Uni kafen ?

Am Prinzip egal. Just opgepasst etlech Programmer op der Uni (bei Studiëgäng wei Ingenieur, Maschinnebau, Geo,…) lafe just op engem Windows-Betribssystem. Dëst kann een sech bei genuch Späicher natierlech och op ee Mac lueden.

Soll ech mäin Handysabo a Lëtzebuerg halen oder een neien an Däitschland maachen?

Duerch d’Fräischalte vum Roaming an Europa, stellt d’Ausland jo elo kee Problem méi duer an dir kennt ouni Problem ären Abo bestoe loossen.

Sinn ech iwwert meng lëtzebuergesch Krankekeess verséchert oder soll ech an Däitschland eng zousätzlech ofschléissen?

Wann een a Lëtzebuerg verséchert ass, ass en automatesch a ganz Europa verséchert. Den Dokter kascht, am Fall wou dir är Krankekeesskaart virweise kennt, näischt.

Fir iech op der Uni unzemelle muss dir iech vun der gesetzlecher Krankekeesspflicht an Däitschland befreien, andeem der iech bei eng Krankekeess (z.B. AOK,…) eng Bescheinegung siche gitt dat dir a Lëtzebuerg verséchert sidd. Si wësse Bescheed ëm weie Formular et sech handelt. Dir musst är Carte d’Identité mathuelen!

Wéi ass dat mam Umellen zu Oochen?

Et mussen en sech innerhalb vun zwou Wochen no der Schlësseliwwergab umellen, soss kann ee bestrooft ginn. Dëst mécht een op engem vun der Biergerämter. Heifir brauch een eng Wohnungsgeberbestätigung déi dir vun ärem Proprietär ausgehännegt kritt.

Am beschte Fall mécht een sech een Termin oder et ass en Moies wann et opgeet direkt do. Weider Informatioune fannt dir op dësem Link:
https://serviceportal.aachen.de/suche/-/egov-bis-search/service/4599