Oochen ABC

Oochen - Eng “Kaiserstad” am Häerze vun Europa

Oochen läit am Westen vum Bundesland Nordrhein-Westfalen an ass déi westlechst Groussstad vu ganz Däitschland. Oochen läit an dem wonnerschéinen Dräilännereck Däitschland-Belsch- Holland an an der direkter Noperschaft vum Eifeler Nationalpark esou wéi den Ardennen.

Oochen an Zuelen

Oochen huet 250.000 Awunner, dovu sinn iwwert 60.000 Studenten, d. h. quasi all 4ten ass Student. Stad verdeelt sech iwwert eng Gesamtfläch vun 160 Quadratkilometer. Opfälleg ass zudeem Männerquot zu Oochen , wat ob déi technesch orientéiert RWTH an FH zréck ze féieren ass.


A

Apollo

Den Apollo ass ee Kino an och ee Club zu Oochen, deen sech an der Pontstrooss befënnt. En ass vun Dënschden bis Samschden ob an all Dënschden ass do déi berühmt berüchtegt “Remmi Demmi” Party.

Aquis Plaza

Dat Shoopingerliefnis zu Oochen. Op 29.000 Quadratmeter an iwwert 130 Geschäfter fënnt een alles wat ee brauch. Vir déi déi net sou gär shoppen, gëtt et selbstverständlech och Méiglechkeeten fir eppes z'iessen.

B

Bahkauv (Legende)

An Oochen ginn et verschidden Legenden a Soen, déi een als Statuen, Skulpturen an a Muséeë erëmfënnt. Legend vum Bahkauv (“Bachkalb”) ass eng vun de bekanntsten an d’Statu steet um Büchel.
Fréier stoung um Büchel eng Waasserquell, ee sougenannte Kolbert, an do soll d’Bahkauv gehaust hunn. Et soll Owes säin Onwiesen an der Stad gedriwwen hunn an den bedronke Männer ob d’Schëllere gespronge sinn a mat senge laange Krallen a schaarfen Zänn Angscht agejot hunn. Déi konnten sech eréischt virun der Hausdier vun der Lascht befreien, sou dass och all Nopere matkruten, wéi voll den Heemkéierer war.
A verschidde Versioune vun der Legend gëtt och gezielt, dass et keen Ongeheier war, mee den “Torwächter” vun der Stad, deen sech als Bahkauv verkleet huet fir de Vollerten hiert Geld ze klauen.

Bend (öcher Bend)

Zweemol am Joer (Fréijoer a Summer) fënnt um Bendplatz den Öcher Bend, ob enger Gesamtfläch vu ca. 40.000 Quadratmeter, statt. Et ass eng Kiermes sou wéi d’Schueberfouer bei eis mat Spiller, Iessbuden an alles wat nach dobäi gehéiert. Den Numm "Öcher Bend" kënnt vum Oochener Dialekt a bedeit sou vill wéi d’ grouss Wiss vun Oochen (Oche = Oochen a Bend = grouss Wiss). Deen éischte Bend gouf 1413 opgemaach, mee net um Bendplatz, d’Platz wou de Bend opgeriicht gouf huet deemools ëmmer geännert. Réischt 1927 huet deen éischte Bend um Bendplatz stattfonnt.

C

Carolus Thermen

Entspanung puer! Oochen ass eng beléift Kurstad an domadder huet Waasser a Wellness eng laang Traditioun zu Oochen. Fréier hunn sech d’Réimer an de Mineral- Thermalquellen entspaant an haut kann een sech do vun dem Stress am Alldag erhuelen.

CHIO

Säit 1924 fënnt all Joer den d’ CHIO (Concours Hippique International Officiel) zu Oochen statt, dobäi handelt et sech em een internationale Päerdsport-Turnéier deen alle 5 Disziplinnen, Dressur, Sprangen, Villsäitegkeet, Faren a Voltigéieren beinhalt. Niewent senger offizieller Bezeechnung gëtt de CHIO och nach “Weltfest des Pferdesports” genannt. Laut de Reglementer däerf all Land nëmmen ee CHIO ausdroen an dofir ass de CHIO Aachen déi eenzeg Veranstaltung vu senger Aart an Däitschland.

Cineplex

Hollywood Blockbuster, Filmklassiker oder ee Libesfilm? De Cineplex am Kapuzinerkaree huet vill ze bidden. Hei gi Filmer an 2D, 3D ob Däitsch an Originalsprooch gewisen.

D

Doum

Den Oochener Doum ass dat bedeitendst Zeechen fir des Stad a steet ob der UNESCO Weltkulturierwe-Lëscht. Am Joer 800v.Chr. gouf den Oochener Doum ënnert der Leedung vum Karl de Groussen gebaut a soll d’Beréierung tëschen dem Ierdeschen an dem Himmleschen symboliséieren. Ausserdeem war et vun 1336 bis 1531 Kierch an der d’Kréinunge vu bal all de réimesch-däitsche Kinneken statt fonnt hunn. Beandrockend ass zemools seng Architektur: Sailen, bronze Gitter, faarweg Glasfënsteren asw.

E

Elisenbrunnen

Wéi vill aner Wierker zielt och den Elisenbrunnen zu de Bauten déi ënnert dem Karl de Groussen entstane sinn. Hien huet dem schwefelhaltegem Waasser heelend Kräften zougesprach an domat schonn d’Réimer ugelackelt, déi dem Waasser den Numm „Aquis Grana” ginn hunn. Am 19. Joerhonnert ass dann aus der Kaiserquell den haitegen Elisenbrunnen entstane, ee Bauwierk vum berühmten Architekt Friedrich Schinkel. Den Numm geet ob d’Krounprinzessin Elisabeth von Bayern zeréck.

Euregiozoo (Tierpark Aachen)

Spaass fir grouss a kleng! Am Euregiozoo fënnt een Deieren aus aller Welt. Egal ob am Summer oder am Wanter hei kommen net nëmmen déi kleng ob hier Käschten, och fir déi Grouss gëtt et vill ze gesinn.

Eurogress

Den Eurogress ass ee Concerts-, Kongress- a Veranstaltungszentrum. Et ginn 3 grouss Säll an 11 Konferenzraim, déi ee loune kann. D’Kongresshal läit direkt niewent dem 5 Stären Hotel Quellenhof um Rand vun der Bannestad niewent engem groussem Park, de Stadgaart Oochen. Den Eurogress gouf am Platz vun der Wandelhalle erriicht, déi am zweete Weltkrich zerstéiert gouf an dono net méi nei gebaut.

F

FH Aachen

D’Fachhéichschoul zu Oochen, d’FH, huet ongeféier 14.000 Studenten an 250 Professeren. D’FH befënnt sech am südlechen Deel vum Oochener Rank. 1971 ass d’Fachhéichschoul gegrënnt ginn an haut eng vun deenen 10 gréisste Fachhéichschoulen an Däitschland.

G

Guinness House

Op zwou Etagen de Flair vun Irland genéissen! Ee frech gezaapte Guinness, Kilkenny, Strongbow oder awer ee Whisky? An der Guinness Bar fënnt een alles. Selbstverständlech fënnt een hei och ëmmer eng Plaz fir d’Bundesliga, Champions- oder Euro-League ze kucken. Am Summer kann een den Owend op hirer gemittlecher Daachterrass ausklénge loossen. An ab Oktober fanne reegelméisseg Live Concerte statt.

H

Hotel Europa

Den Hotel Europa ass net wéi vill Leit et duerch de Numm unhuelen een Hotel, mee et ass ee Café / Club am 60-70 Joer Stil. E befënnt sech an der Südstraße an ass ëmmer vu Mëttwochs bis Samschdes ab 20 Auer op. Do kritt een souguer polnesche Béier (Tyskie) ze drénken.

I

Internationale Karlspreis

Säit 1949 gëtt all Joer em Christi Himmelfaart de Karlspräis iwwerreecht. Perséinlechkeeten déi eppes fir dat allgemengt Wuel an Zesummenaarbecht vun Europa leeschte gi mat dësem Präis ausgezeechent. Sou krut zum Beispill am Joer 2006 den Jean-Claude Junker an 2018 den Emanuel Macron de Karlspräis zu Oochen iwwerreecht.

J

Jakobskirche (Kirche St. Jakob)

87 m Héich a soumat ass den Tuerm vun der Jakobskirche den héchsten zu Oochen. Vu kengem anere wei dem Karl de Groussen gegrënnt, an ass déi éischt Jakobskirche an Däitschland. Zwee mol am Joer ass den Tuerm dann och fir de Public ob an et kann ee bis uewen op d’Spëtz klammen. Vun do aus huet een eng eemoleg Vue iwwert ganz Oochen.

K

Kaktus

De Kaktus, an nee domadder ass net de Supermarché zu Lëtzebuerg gemengt, mee de Stammcafé vun de Lëtzebuerger Studente vun Oochen. Hei fannen ee ganze Koup vun eise Soiréeën statt, mee och an der Fräizäit trëfft een hei op deen een oder anere Lëtzebuerger. Am Kaktus kritt een dann och wéi et sech gehéiert fir ee lëtzebuergeschen Stammcafé lëtzebuergeschen Béier - Dikrecher- ze drénken.

Klenkes

De Klenkes ass dat Erkennungszeeche vun den Oochener, heibäi handelt et sech em den ausgestreckte klénge Fanger vun der rietser Hand. Dëst Begréissungszeeche geet ob Neelfabricken an Oochen zeréck. D’Aarbechter an deene Fabricken hunn hire klenge Fanger benotzt fir déi falsch produzéiert Nolen um Band auszesortéieren. D’Tätegkeet vum “Ausklinken” huet den Aarbechter Feelbildungen a Wuessfeeler vum klénge Fanger gefouert an do duerch konnten d’Oochener sech scho vu wäitem erkennen an hunn sech mam Klenkes begréisst.
Säit 1970 erënnert d’“Klenkes-Denkmal” a Bronze vum Oochener Bildhauer Hubert Löneke am Holzgraben un de Klenkes Gruuss.

L

Lousberg

De Lousberg ass den héchste Punkt vun Oochen an domadder huet een do och eng wonnerbar Aussiicht iwwer ganz Oochen. Hei kann ee gemittlech mat Kollege bei guddem Wieder chillen, grillen, Vëlo fueren, en Tour lafe goen oder sech einfach nëmme vu Stress erhuelen. Aus deem ale Waassertuerm gouf an den 70er den “Drehturm Aachen”,een Café-Restaurant, gemaach, deen ganz uewen um Lousberg steet an ëm 360 Grad pro Stonn dréint, sou dass een beim Iessen een schéinen Ausbléck iwwert Oochen an den Dräilännereck huet.

M

Maartplaz

D’Maartplaz ass am Häerze vun Oochen, direkt beim Rathaus. Ronderëm huet ee Restauranten, Caféen an nach lauter Akafsméiglechkeeten. Am Wanter ass do och een Deel vum Chrëschtmaart a soss fannen och déi eng oder aner Mäert do statt.

Marschiertor

D’Marschiertor war deemools d’Südtor vun der baussechter Oochener Stadmauer an gehéiert zu den beschten nach erhalen Stadtoren aus Westeuropa. D’Marschiertor, Ponttor, Kölntor an Jakobstor waren déi 4 Haapttoren vun der Befestegung zu Oochen. Fréier huet Marschiertor als Haaptwaffeplaz gedéngt an ass am zweete Weltkrich duerch Brandbommen vill beschiedegt ginn. Ufanks ass et nëmmen provisoresch reparéiert ginn a eréischt 1959 gouf et dann vollstänneg renovéiert. Haut bitt den eemolegen Waffesall Platz fir ronn 200 Leit a kann fir privat Eventer gelount ginn. Ausserdeem befannen sech och nach d’Archivraim, ee Wäikeller, de “Schankraum” an d’“Kleiderkammer” am Tor.

N

Nox

Lounge-Atmosphär oder Disko? Ween sech net entscheeden kann, fir deen ass den Nox genau dat richtegt. Op verschidden Niveauen ginn Mottoparties esou wéi verschidden Museksstiler vun RnB, Techno, Charts bis hin zu Latin Music ugebueden.

O

Oecher Dialekt

Den Oecher Dialekt och nach Oecher Platt genannt ass een Dialekt deen een nach heiansdo zu Oochen héiert.

P

Puppenbrunnen

Den Puppenbrunnen deen an der Alstad steet erzielt Geschicht vun Oochen. Déi verschidden “Poppen” representéieren typesch Figuren vun Oochen: Bëschof, Professer, Päerd, Clown an Modepüppchen. Dat witzegt dobäi ass dass d’Gelenker vun de Poppen beweeglech sinn.

Ponttor

D’Ponttor, sou wéi d’Marschiertor, ass een vun deenen eenzegen eemolegen 11 Stadtoren vun der Stadmauer déi nach erhale sinn. D’Ponttor gouf Ufank 14. Joerhonnert erbaut, well nei Siidlungen a Kierchen ausserhalb vun der aler Stadmauer erriicht goufen, an dofir misst eng zweet Festung gebaut ginn. Haut gëtt d’Ponttor vun der Däitschen "Jugendschaft Aachen" an verschidden Scoutsgruppen genotzt. Den Numm féiert dorop zeréck, dass d’Ponttor am Pontvéierel läit an den Numm Pontvéierel kënnt aus dem laténgeschen “pons” wat Bréck bedeit.

Pontstrooss

Déi wuel bekanntsten an bei den Studenten beléiftsten Strooss zu Oochen. Vun A bis Z fënnt een hei Restauranten , Caféen, Baren an Diskoen. Ob een gemittlech eppes drénken wëll goen oder een Owend mol sou richteg feieren wëll, hei kënnt jiddereen ob seng Käschten. An et vergeet keen Daach wou an der Pontstrooss keng lass ass.

Printen

D’Oochen Printen een eenzegaarteg kulinarescht Erliefnis. Egal ob mat Nëss, Schockela, Mandelen oder Zockergoss ze Oochen huet een d´Qual vun der Wal. Al Joers ginn iwwert 4,5 Tonnen Printen an den verschiddenen Bäckereien an Printen Betriber hiergestallt. Virun allem als Souvenir sinn se ganz beléift an dat net nëmmen fir Chrëschtdag.

Q

Quellenhof

Fréier war den Quellenhof een vun deen renomméierten Kurhotels an Däitschland. Nom Zweeten Weltkrich gouf den Hotel zu engem groussen Deel zerstéiert. No enger Restauratioun huet en zwar d´Zilgrupp geännert mee en gehéiert nach ëmmer zu den Grandhotels zu Oochen.

R

Rathaus Oochen

Op der Maartplaz fënnt een d’Häerzstéck vun Oochen, d’Rathaus. 1330 gouf et aus den Ruinen vum engem barocken Palais gebaut an säit dem ëmmer ëmgebaut, sanéiert an nom zweeten Weltkrich deelweis erëm opgebaut. Haut gëtt am Rathaus den alljäerlechen Internationale Karlspräis verginn.

RWTH Aachen

D’RWTH, Rheinisch-Westfälische Technische Hochschule, ass mat iwwert 44.000 Studenten déi gréissten Universitéit fir technesch Studiëgäng an Däitschland. D’Universitéit befënnt sech net ob engem Campus, mee déi verschidde Gebaier an Instituten sinn iwwer ganz Oochen verspreet.

S

Starfish

Fréier war et een Fabricksgebai an haut ass et déi gréissten Disko vun Oochen. Ob Schlager, House, Soul oder Charts, an 4 verschiddenen Raim kann een säin Danzbeen schwéngen.

Sowiso & Ocean

Mëttes een gudden Kaffi an Owes een kalen Béier. Keen Problem am Sowiso & Ocean ass alles méiglech. Ween keng Loscht huet bannen ze sëtzen, fënnt souwuel am Summer wéi och am Wanter och dobaussen Plaz. Am Wanter suergen Heizstraler fir een kuschelegen Owend. Zudeem kann een och Billard, Kicker oder Darts spillen.

T

Tivoli

Natierlech huet Oochen och een Stadion an zwar den Tivoli. 32.960 Plazen befanne sech am Stadion. Hei fannen ënnert anerem Spiller vum Oochen Fussballveräin Allemannia Aachen statt. Mee och vir Konzerten, Public Viewing oder Open-Air Kino eegent sech den Stadion.

Theater / Theaterplatz

1825 gouf den Theater als Kulturariichtung fir Schauspill a Musek opgemaach. Den Theater verfüügt iwwert 2 Raim, ee klengen mat 168 Sëtzplazen an ee Grousse Sall mat 730 Platzen. E befënnt sech am Kapuzinergraben direkt niewent dem “Alter Posthof” an dem “Cineplex Aachen”.

U

Unisstad

Mat 4 Héichschoulen an ca 60.000 Studenten zielt Oochen zu den gréissten Studentestied an Däitschland. D’Studente maachen 25% vun der Gesamtbevëlkerung zu Oochen aus an dat spigelt sech an der Stad selwer erëm. Niewent den villen Kulturellen Andréck, huet Oochen och vill Caféen, Diskoen a Restauranten.

V

Vaalserquartier

De Aarmequartier ass eng Uertschaft déi zum Oochener Staddeel Laurensberg gehéiert an leit onmëttelbar un der Grenz zu Vaals an Holland. De Numm geet op dat fréit 14. Joerhonnert zeréck op déi al Andeelung vum deemolegen Oochener Räich.

W

Weihnachtsmarkt

Alle Jahre wieder- all Joer an der “Vorweihnachtszeit” verwandelen sech déi kléng Gässelcher ëm den Doum an ëm d’Rathaus zu engem Chrëschtdags Paradäis. Den Oochener Chrëschtmaart gehéiert wéinst senger aussergewéinlecher Atmosphäre zu engem vun den schéinsten Chrëschtmäert an Däitschland an lackelt sou all Joer nees Tonne Touristen un. Egal ob Printen, Nëss, Schocki oder Glühwäin mat oder ouni Schoss, alles fënnt een do um Chrëschtmaart.

Werksverkauf: Lindt & Sprüngli, Bahlsen, Lambertz

Ween kennt net den Schwäizer Schockela Lindt? An genau sou eng Fabrick ass z´Oochen. Fir all déi déi net laanscht den Schockela kommen ass dat een Muss. Vun einfachen Schockelatafelen, iwwert Pralinéen an ausgefalen Geschenkiddien. Hei fënnt een den Schockela zu engem Schnäppchen. Natierlech fënnt een an sou engem Werksverkauf (Lambertz) och déi traditionell Printen vun Oochen.

Z

Zuhaus (Café)

Egal op Keelen spillen, Gesellschaftsspiller spillen, Fussball kucken, Live Concerten, Tatort Owend oder einfach nëmmen mat Kollegen gemittlech een drénken goen. Am Café Bar Zuhause ass fir grouss an kléng eppes dobäi! An dat bescht!!! Et fillt een sech wéi Doheem an der Stuff.