Aschreiwen

Du wëlls Member gin; vun Jobofferen an reegelméissege Soiréeën profitéieren an dobäi aner Studenten kenneléieren? Mell dech hei un, bezuel deng Cotisatioun beim Trésorier op enger vun eise Soiréeën oder per Virement an ënnerschreif deng Memberskaart. Wanns du däi Studium grad ufänks an Informatioune kréie wëlls, komm op eis Soirée de Bienvenue, kuck dir eis Facebook-Page un oder schreiw eisem Comité eng E-Mail.
Du kanns däi Konto zu all Moment läschen.

  Mat Facebook aschreiwen (nach am Opbau)
Wanns du dech mat Facebook aschreiws, dann as däin Account u Facebook verlinkt, soudass du dech all kéiers mat 2 Klicken alogge kanns ouni e Passwuert anzegin. Et gi keng Date mat Facebook gedeelt an den AVL-Site huet och just Zougang op däin ëffentleche Facebook-Profil (Virnumm, Familljennumm, ...), de Link zu dengem Profil an deng E-Mailsadress. Du kanns däin Account zu all Moment vu Facebook trennen.
Däin Numm as fir all Member siichtbar.
Deng E-Mailsadress gëtt ëmmer benotzt fir dir déi, laut eisen Statute verflichten E-Mailen, zoukommen ze loossen. Ënnert déi obligatoresch E-Mailen falen de Communiqué (2 mol am Joer), eng Invitatioun op d'AG souwéi aner Assemblée extraordinären, Jobofferen vun eise Sponsoren an informativ E-Mailen déi vun der ACEL a.s.b.l ausgi ginn. Zousätzlech kanns du auswielen obs du un eis Soiréeën erënnert wëlls ginn.
Definéier hei e Passwuert. Benotz am bäschten e laangt Passwuert mat Zuelen, Grouss- a Klengschreiwung a speziellen Zeechen. Däi Passwuert gëtt verschlësselt an der Datebank gespäichert an awer bierde mir dech, e Passwuert ze wielen, wats du nët op aanere Site gebrauchs.
Deng postalesch Adress brauche mir fir rechtlech Zwecker an as just fir de Comité siichtbar.
Deng Studien-Informatioune si fir all Member siichtbar.