11.11. - Kölle Alaaf

Verëffendlecht, den 04.10.2025 11.11. - Kölle Alaaf

Léif AVLer,

Dei fenneft Joereszait leisst net mei all ze laang op sech waarden an deemno och net den Kölle Alaaf Intercercle vun eisen Noperen.
D'Umellunge ginn den 5. Oktober (muer) um 11:11 op
Um Programm:
• De Méinden 10.11.2025: Welcome Fräibéier (12€), 
• Den Dënschden 11.11.2025: Kölle Alaaf mat Treffpunkt beim Lëtzebuerger Bam ab 9h30.
• De Mëttwoch 12.11.2025: Brunchen (13€) an dono nach an d Thermen (eege Käschten).
 
Denkt drun dass Schlofplatzen first come first served sinn!
 
Umellen kennt der Iech iwwer follgenden Forms
https://forms.gle/uzyL8rGe5aEiwqtP9
 
 
Am beschte mellt der Iech och un wann der nemmen den 11.11. matwellt dann keint et eventuell eng kleng Iwwerraschung ginn 👀
Falls der spontan decideiert matzekommen ass daat awer och guer keen Problem
 

Bis den 7.11. sinn d’Umellungen vum Intercercle zu Köln nach op.

Den 11.11. selwer huelen mier hei zu Oochen um Hauptbahnhof den RE9 um 7:18. Treffpunkt ass um 7:05 virum Hauptbahnhof.

Wann Iech daat vill ze frei ass an der bessi mei lang schlofe wellt kennt der och nach den RE1 um 7:51 huelen mee dann gett et awer schon knapp fier mat Zaiten beim Letzebuerger Bam ze sinn

Äre Comité