11.11 zu Köln (LSC IC)

Verëffendlecht, den 08.11.2022 11.11 zu Köln (LSC IC)
🎉 Endlech ass et erëm sou weit! Déi fënneft Joreszäit fänkt den 11.11 um Punkt 11h11 rëm un. Natierlech hëllefen mer eisen Kölner Kollegen vum LSC dat ordentlech ze feieren an wäerten wéi ëmmer mat enger anstänneger AVL-Delegatioun op hieren Kölle Alaaf - Intercercle fueren. 
 
➤ Fir déi wou nëmmen um 11.11 wëllen deelhuelen:
🚂 Mir treffen eis freides moies um 7h30 virum Hauptbahnhof zu Oochen fir dann zesummen den Zuch um 7h51 ze huelen! Zu Köln ukomm treffen mer eis wéi ëmmer op der Domplatte direkt virum Kölner Dom fir eis traditionell Gruppefoto ze man. Denkt och un ären Semesterticket fir dass der gratis op Köln kommt an och erëm zeréck.
➤ Fir déi ganz motivéiert:
🤯 Dëst Joer hun sech déi Kölner eng mei afaalen geloos: Amplaz just den Dag vum 11.11 selwer ze feieren, geet dat ganzt elo iwert 3 Deeg. Den Rambazamba start donnëschdes schon um 18h00 am Alten Brauhaus zu Köln. Den Dag drop gëtt wéi gewinnt dee ganzen Daag mat eisen Kollegen aus deenen aner Cerclen gefeiert. Samsdes gëtt den Kater dann um 11h00 mat engem Brunch bekämpft an nomëttes gëtt et eng Visitt vun der Brauerei Brauwelt. Fir dee ganzen Programm matmaachen ze kënnen sollt der iech iwert den Forms an hirem Event umellen. Schlofplazen gin och ugebueden. Fir déi Leit, déi schon donnëschdes op Köln fueren ass den Treffpunkt kuerz no 16h00 um Aachener Hauptbahnhof fir den Zuch RE9 um 16h18 huelen ze kënnen. Mir klammen zu Köln Messe/Deutz  eraus, gin dann 5min zu Fouss an huelen dann um Busarrêt Deutz/Messe den Bus 4 a Richtung Bocklemünd a klammen dann um Arrêt Severinstraße eraus. Vun do aus sin et nach eemol 7min zu Fous ze goen bis zum Alten Brauhaus beim Chlodwigsplatz. Denkt och un ären Semesterticket, mat deem der an ganz NRW den öffentlechen Transport benotzen kënnt.
 
🔴⚪️ Den 11.11 treffen mir eis um 9:30 mat den Kölner an den aneren Cerclen um Alter Markt beim 'Lëtzebuerger Bam' fir dee ganzen Dag iwer zesummen ze feieren. Fir déi wou owes nach net genuch hun geet et géint 20h00 a Richtung Mensawiese op der Zülpicher Straße, wou et bis spéit an d'Nuescht Live-Musik a gudd Stëmmung gëtt. 
❗️🍼 Vergiesst net dass der äert Gedrénks a Plastiksfläschen ëmfellen musst, well zu Köln 'absolutes Glasverbot' ass! Dousen (an AVL-Flachmänner) sinn erlaabt. 
📆 Hei fannt der di genau Veranstaltung vum Kölle Alaaf - Intercercle mat all den wichtegen Informatiounen: https://fb.me/e/2WOIhpR9B . 
 
Mir freeën eis iech den 11.11 alleguerten verkleet zu Köln ze gesinn! 🕺
Äre Comité💛🖤