30 Joer Kaktus! Soirée de Bienvenue

Verëffendlecht, den 06.10.2021 30 Joer Kaktus! Soirée de Bienvenue

Léif AVLerinnen an AVLer,

dat nächst Semester steet virun der Dier, bezéiungsweis ee neit Kapitel fir sou munch aneren!

No laanger Paus kënne mir endlech nees eng gréisser Veranstaltung am Kaktus feieren! Dofir starte mir direkt den 13. Oktober mat eiser Soirée de Bienvenue an engem Fräibéier! Gläichzäiteg feiere mir schon ganzer 30 Joer AVL an eisem Lieblingscafé!

Komm also laanscht fir mat ons ze feieren an deng al Kolleegen erëmzegesinn oder neier kennenzeléieren!

Ab 20 Auer geet et lass!

 

Präis: 5€ fir de Fräibéier mat gülteger Memberskaart

15€ fir d’Memberskaart fir déi déi nach keng hunn (fir d’Bleuen gülteg bis d’AG 2023)

 

Dat Ganzt fënnt ënnert den 3G Reegele statt. Dat heescht dir musst entweder geimpft, genesen oder een certifizéierte Schnelltest virweise kennen.

 

Bis gläich!

 

Äre Comité