Akkreditéierung bei der RWTH & Dateschutzännerung

Verëffendlecht, den 29.06.2020

WICHTEG! W.E.G LIESEN! Mir brauchen sou vill Feedback wéi méiglech!

 

Léif Memberen,

et ass grad an Diskussioun eis bei der RWTH als Veräin akkreditéieren ze loossen an dofir brauche mir är Meenung! Bei der Akkreditéierung handelt et sech em eng Aschreiwung bei der RWTH als Veräin. Vu dass déi Akkreditéierung ee gréisseren Afloss op eist Veräinsliewen huet, wëlle mir des Entscheedung mat ierch zesummen treffen. Äre Standpunkt zur Akkreditéierung ass eis dofir wichteg. Dat ganzt wert an der nächster AG ofgestëmmt ginn.

Fir d’Akkreditéierung musse mindestens 50% vun eise Memberen op der RWTH studéieren, dofir brauche mir vu jidderengem d’Informatioun op wéi enger Uni en ageschriwwe ass. Schreift eis dat w.e.g. bis den 1. August per Mail un jeannemarie.wagener@avl.lu. 

Wann mir bis akkreditéiert sinn, musse mir mam International Office zesummeschaffen. Mir mussen dowengst 2 mol am Joer beim “Treffen der Vereine” dobäi sinn an et wier gutt wann mir och op weidere Foirë vun hinnen present wieren. Dëst betrëfft virun allem d’Comité Leit vun deenen nächste Joren. Sie wëllen den neie Comité all Joers kennen léieren a wëlle vill méi mat eis zesummeschaffen, wéi dat bis elo de Fall war. Eng Kéier d’Joer wëllen si een Aktivitéitsbericht vun eis, wou mir kuerz beschreiwe wat mir alles organiséiert hunn. Sie hunn awer kee weideren Afloss op eis Statuten an et ass nach ëmmer eis iwwerlooss wien mir als Member unhuelen a wien net, dat heescht mir bleiwen ëmmer nach ee lëtzebuergesche Veräin. 

Duerch déi Akkreditéierung kënne mir:

Des Akkreditéierung erméiglecht eis laangfristeg Chancen a Verännerungen am Veräin, dofir géinge mir gär wessen weis du zur Akkreditéierung stees, wat deng Bedenken sinn a wat fir dech den AVL ausmecht. Schreiw eis däi Feedback per Mail un jeannemarie.wagener@avl.lu. Wann Froe sinn beäntwere mir déi natierlech och gär.

Iwweregens huet sech och eis Dateschutzerklärung geännert. Des fënns du ënnert  https://www.avl.lu/dateschutz/. Wanns du déi Ännerungen net akzeptéiers, dann mell dech w.e.g. iwwer comité@avl.lu an mir läschen dann däin Konto.

Villmools Merci fir all Äntwert déi mir kréien!

Vive den AVL