Aktive Weekend zu Lëtzebuerg

Verëffendlecht, den 14.05.2021 Aktive Weekend zu Lëtzebuerg

Léif Memberen,

An der Woch vum 24. Mee ass d'Exkursionswoche, wou mir normalerweis ëmmer op eng flott Kulturrees ginn, déi mir awer op Spéider hu misse verréckelen. Als Ersatz zur Kulturrees hate mer eng Wanderung mat Camping um Rursee geplangt, wéi am Communiqué ugekënnegt war. Well mir dat sou och am Moment net ëmsetze kennen, hu mir eis dofir entscheet ee bësse méi aktive Weekend zu Lëtzebuerg ze organiséieren.

Donneschdes, de 27. Mee fänke mer mat Karting fueren zu Monnerech (Mondercange) un. Hei gehéiert d'Pist vun 11:30 bis 12:30 Auer ganz eis, sou dass 20 Leit kennen deelhuelen a jidderee soumat 30 Minutte fueren duerf. Um 11 Auer soll scho jiddereen do sinn, fir ee klenge Briefing ze kréien. Nodeems jidderee weise konnt, wien de bessere Kartfuerer ass, gi mer dann op eng Terrass eppes zesummen iessen a loossen den Dag mat engem Pättche Béier auskléngen.

Freides, den 28. Mee a Samschdes, den 29. Mee maache mer dann een Tour mam Kanu iwwer d'Sauer. De Start ass um 12 Auer zu Dillingen wou mer dann ca. 12 km bis op Iechternach fueren. Dono (géint 16 Auer) gi mer dann zu Iechternach nach eng Partie Minigolf spillen an zum Ofschloss wäerte mer och hei op enger Terrass eppes Klenges iessen an drénken. Fir den Tour mam Kanu kennen sech pro Dag allerdéngs nëmmen 10 Leit umellen.

Wann dir motivéiert sidd an onbedéngt bei enger oder méi Aktivitéiten wëllt deelhuelen, da mellt iech beim Jenny (jenny.bourg@avl.lu) un a schreiwt dobai bei wat der wëllt matmaachen. Wann der beim Kanu fueren an dem Minigolf wëllt deelhuelen, sot och w.e.g. wat fir een Dag iech besser geet oder op déi 2 Deeg fir iech ginn.

Den AVL wäert dann och een Deel vun de Käschten iwwerhuelen.

Denkt drun dass d'Plaze limitéiert sinn, déi Éischt sinn also fir. Dofir mellt iech lo séier un.

Mir freeën eis mat puer motivéierte Memberen e puer flott an aktiv Deeg ze verbréngen.

Léif Gréiss

Äre Comité