Assemblée Générale Ordinaire & Neien Comité

Verëffendlecht, den 21.01.2020 Assemblée Générale Ordinaire & Neien Comité

Léif AVLerinnen an AVLer,

de 15.01.2020 war eis alljärlech AGO wou et e Réckbleck op dat läscht Joer an alt Evenementer vum AVL gouf. Dofir wier et hei och ubruecht sech nach eng kéier beim ale Comité fir hier haart Aarbecht an déi vill flott Evenement an déi domat verbonne schéin Erënnerungen ze bedanken! Et ass net selbstverständlech dat ee souvill vu senger Fräizäit dofir investéiert mee et gëtt engem eng sëllege gutt Erfarungen déi engem am spéidere Liewen och nach vill brénge wäerten, dofir un all déi déi vläicht mam Gedanke spillen och eng kéier an de Comité ze kommen, "Maacht et!", och wann et vill Aarbecht ass ass et awer eng Erfarung déi een net aneschters kritt.

 

Mee lo well ech iech awer kuerz den neie Comité virstellen:

Président                                 : Felix Rippinger
Vice-Président                          : Mathis Michels
Tresorière                                : Carole Detampel
Sécrétaire                                :  Andreia Alves
Ministre des Affaires Publiques   : Jeanne-Marie Wagener
Ministre des Affaires culturelles  : Alain Georges
Ministre des Affaires Sportifs     : Alex Maack

Als néie President sinn ech da ganz frou kennen den AVL fir dëst Joer ze vertrieden an hoffen dat mer eng sëllege flott Evenementer op Bün gestallt kréien an sou vill flott Erënnerunge schafe kennen, well fir kuerz eng kéier eppes aus eise Statuten ze zitéieren: "2. L'association a comme but: 2.1 De réunir et de soutenir les étudiants luxembourgeois à Aix-la-Chapelle, de cultiver entre eux l'amitié et la solidarité." ass genau dat eise But.

Dat war et lo awer och mat de Romaner op dëser Plaz. Wënsche jidderengem dee lo an t'Klausurenphase kennt vill Gléck an Erfolleg an da freeën ech mech drop iech op der nächster AVL Soirée rëm ze gesinn!

 

Fir de Comité,

Felix Rippinger