Assemblée Générale Ordinaire

Verëffendlecht, den 29.12.2021

Léiwen AVL‘er,

Mam Joreswiessel steet dann och een Wiessel am AVL bevir, soudass du häerzlech op d'Assemblée Générale Ordinaire den 12.01.2022 um 18.00 am Hörsaal 1010|201 – II am Haaptgebai invitéiert bass. Hei gëtt den Bilan vum leschten Joer gezunn an den néien Comité gewielt. Weiderhin kanns du eng Memberskaart kafen fir dat néit Joer. Et gëllt fir eis AG 3G, woubai jidereen Mask unhaalen muss bis jidereen op senger fester Setzplaatz setzt.

Ech wollt drop hiweisen, dass laut §8-3 vun eisen Statuts all Member gebieden ass un der AG deelzehuelen well laut §6-8 méi wei d'Hallschent vun den Memberen een gültegen Walziedel ofginn mussen, dass Resultat gülteg ass. No der AG gidd dir dann mat engem Fraibeier am Kaktus belount an den néien Comité gëtt virgestallt. Am Kaktus gelt 2G+.

Wanns du selwer net op AG kommen kanns hues du, laut §9-1, d'Méiglechkeet engem aneren Member eng Procuratioun auszeschreiwen, dass dësen fir dech wielen kann. An der Procuratioun soll dann kloer drastoen un wien déi geriicht ass an eng Ënnerschrëft soll net feelen.

Wanns du dech als Kandidat fir den nächsten Comité wëlls opstellen, kanns du dat bis virun der AG nach machen andeems du eng Email un comite@avl.lu mëss.

Mat frëndlechen Gréiss

Fir den Comité
Jeanne-Marie