Assemblée Générale

Verëffendlecht, den 07.01.2021 Assemblée Générale
Léiw Memberen an Frënn vum AVL
en Mëttwoch, de 20. Januar ass um 19:00 Auer eis traditionell, awer speziell AG iwwer Zoom.
Op der AG gëtt d'Joer 2020 Revue passéiere gelooss.
Dir kritt en Abléck an eis Keess, den ale Comité léist sech op, an en neien Comité gëtt fir 2021 gewielt.
 
Ausserdeem wëllen mir op der AG doriwwer ofstëmmen ob den AVL bei der RWTH akkreditéiert soll gi.
Wat dat heescht, Vir- an Nodeeler krit dir nach eng Kéier an enger Mail an kuerz op der AG erkläert.
 
D Walen wäerten online oflafen, mir hunn eist Bescht gi eng anonymiséiert Léisung ze fannen.
Den genauen Oflaf krit der nach eng Kéier an enger E-mail erkläert.
 
Wann's du am Comité 2021 matschaffe wëlls, an dech nach ëmmer net gemellt hues, da maach dat elo nach op comite@avl.lu !
D' Stëmmrecht huet jiddereen, deen eng Memberskaart fir 2020 huet ( also 2020 seng Cotisatioun bezuelt huet). Sollt dëst net den Fall sinn an du wëlls awer wielen, ass dat keen Problem. Du muss just d Memberskaart fir 2021 dann bezuelen an deng Cotisatioun bis den 15.1.2021 iwwerweisen.
 
Och dëst Joer gëtt et den Karel no der AG, leider just online.
An den Fräibéier muss wei villes op en spéideren Zäitpunkt verschoben gi, dann gëtt och déi gedréckten Versioun vum Karel
Mir wären wierklech frou iech zuelräich "ze empfänken" well och wann d AG dëst Joer villäicht bëssen langweileg ass, brauchen mir trotzdeem d Stemmen an d Ënnerstëtzung vun eisen Memberen fir dat nächst Joer (hoffentlech net méi online) op d Been ze stellen.
Ären alen Comité
Bis Denne.
Den Zoom-link kennt no.