Assemblée Générale

Verëffendlecht, den 12.01.2026 Assemblée Générale

Léiwen AVL‘er,

 

De Comité wënscht dir ee gudde Rutsch an ee schéint an erfollegräicht néit Joer!

 

Mam Joreswiessel steet dann och ee Wiessel am AVL bevir, soudass du häerzlech op d'Assemblée Générale Ordinaire de 21.01.2026 um 19:00 invitéiert bass. Dei genau Location kennt hei nach no!Hei gëtt de Bilan vum leschte Joer gezunn an den néie Comité gewielt. Weiderhi kanns du eng Memberskaart kafe fir dat néit Joer.

 

Ech wollt drop hiweisen, dass laut §8-3 vun eise Statuts all Member gebieden ass un der AG deelzehuele well laut §6-8 méi wei d'Hallschent vun de Memberen ee gültege Walziedel ofgi mussen, dass Resultat gülteg ass.

 

No der AG gitt dir da mat engem Fräibéier am Kaktus belount an den néie Comité gëtt virgestallt.

 

Wanns du selwer net op AG komme kanns hues du, laut §9-1, d'Méiglechkeet engem anere Member eng Procuratioun auszeschreiwen, dass dëse fir dech wiele kann. An der Procuratioun soll da kloer drastoen un wien déi geriicht ass an eng Ënnerschrëft soll net feelen.

 

Wanns du dech als Kandidat fir den nächste Comité wëlls opstellen, kanns du dat bis virun der AG nach maachen andeems du eng Email un comite@avl.lu mëss.

 

Mat frëndleche Gréiss

 

Fir de Comité,

 

Ben