AVL Beachtournoi & Cocktail
Verëffendlecht, den 08.05.2026
Léif AVLer,
Den 20.05 ass et nees esouwäit: De Beachtournoi & d'Cocktailparty feieren hire Comeback! Hoffentlech ass bis dohin d'Wieder besser, dass mir och zu Oochen e bësse Beachfeeling kréien.
Wat steet um Programm?
- Beachtournoi vu 17:00-21:30 um Beach vum AVE um Laurensberg (Hander Weg 89 52072 Aachen)
- Gespillt gëtt zu 4 pro Ekipp + max. 2 Ersatzspiller
- Ekippenumeldung iwwert follgenden Link bis den 18.05: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSf17Pckuq1bYhzdBT0HTSL6segutf3t3k2bVjmvNDEgisvxGA/viewform?usp=header
Fir déi manner Beachvolleyball affine Leit wäerte mir och nach Spikeballnetzer matbréngen.
Dir sidd awer natierlech och Wëllkomm, falls dir einfach nëmmen d‘Sonn wëllt genéissen an dobäi een Cocktail wëllt schlürfen. Niewebäi wäerte mir och Gegrilltes ubidden.
Entrée
- 15€ Cocktail-Flatrate
- 7€ Non-Cocktail-Flatrate
Mir géingen och all Mensch, ob Spiller oder Zuschauer, bieden op "Zusage" ze klicken fir dass mir alles an de richtege Quantitéite kënnen kafen.
Mir frëen eis iech zuelräich ze gesinn,
Äre Comité