AVL Caférallye Intercercle

Verëffendlecht, den 12.10.2025 AVL Caférallye Intercercle

Léif Cerclen,

 

Léif Memberen vum AVL,

 

heimat invitéiere mir Iech ganz häerzlech op eisen traditionelle Caférallye-Intercercle zu Oochen! Des Joer kennt dir vum 7. bis den 9. November Oochen op déi bescht Aart a Weis rëm op en Neit entdecken. Genau, an dem een de ganze Weekend genuch drénkt!

 

Fir des phenomenal Liewensaart ze erméiglechen brauch et natierlech och e fantastesche Programm: 

 

   - Freides: Wëllkommpatt an eisem Stammcafé Kaktus (Pontstraße 121, 52062 Aachen) um 20 Auer (1 gratis Béier/Soft op den AVL!)

 

   - Samsdes: Caferallye - Treffpunkt 13 Auer beim Sowiso (Pontstraße 164-166, 52062 Aachen)

     Vum Sowiso aus geet et dann queesch duerch Oochen op der Sich no de richtege Cafeën. D’Startgeld fir de Rallye   

     sinn 10€ an natierlech ass d’Gedrénks op der Afterparty do mat abegraff. Nieft engem Fräibéier kritt een hei och Softs an en 

     Drink fir Leit, déi bäim Genoss vu Béier léiwer anere Leit de Virtrëtt loossen. Equippe kennen am Virfeld selwer erstallt 

     ginn, falls een awer net genuch Leit fënnt, lount et sech trotzdeem laanscht ze kommen, op der Plaz fënnt een oft nach aner 

     Gruppen déi net komplett sinn. Eenzeg Reegel fir d’Gruppenandeelung: Max. 10 Persoune pro Team, dovu min. 1 Oochener an 1   

     Sale Bleu. 

 

   - Sonndes: Fir sech vun de Strapaze vun der Afterparty ze erhuelen geet et Sonndes dann um 11 Auer op de Brunch beim Cafe Extrablatt (Markt 45-

     47, Aachen, 52062). D’Participatioun läit bäi 15€ (Rallye+Brunch = 25€). Uschléissend geet et dann nach an d’Carolus Thermen fir den Intercercle   

     auskléngen ze loossen.

 

Mir bidde limitéiert Schlofplazen un, do gellt wéi ëmmer déi 1. si vir.

 

Mellt iech w.e.g. bis den 2. November fir déi eenzel Deeg un an iwwerweist schnellstméiglech de passende Montant (10€ just fir de Rallye an 25€ fir Rallye + Brunch) mam Betreff "Numm + Caferallye" op de Konto vum AVL (LU18 0019 1755 6653 8000).

Umeldungslink: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdeJBUM3djOU413P257dLUa8JE_9mfv6WiYVcDm48PsJuVwdQ/viewform?usp=header

 

Fir weiderhin Up-2-Date gehal ze ginn, kënnt der iech op eisem Event op Facebook umellen oder och eis Instagram. Story verfollegen (@avl_oochen).

 

P.S. Dës Joer kënn der den zweeten limited Edition Sammel Pin fir den Intercercle kafen!

Mir frëeen eis op Iech!

 

Ären AVL-Comité🖤💛