AVL goes Landjugenddag

Verëffendlecht, den 11.05.2022 AVL goes Landjugenddag

Leif AVL`er,

Den 26 Mee (Christi Himmelfahrt) invitéieren Landjugend a Jongbaueren Uewersauer op den 46. Landjugenddag zu Harel. Mir als AVL giffen dann natierlech och mat enger motivéierter Equipe deelhuelen. Den Rallye ass 7km laang an et sinn insgesamt 5 Spiller. Waasser ass op de Spiller net onméiglech, bréngt dowéinst eng Schwammbox an dresche Kleeder mat.

Zum Oflaf vum Dag:

11:30 RdV ze Harel

12:00 Mëttegiessen a Startschoss vum Rallye

22:00 Präisiwwerreechung mat Bal

Falls dir interesséiert sidd, dann schreift w.e.g bis spéitstens Dënschdes, den 24 Mee eng kuerz Noriicht un den Patrick Schneider (FB oder patrick.schneider@avl.lu). Umeldung + Mëttegiessen kascht 20€/Persoun, mir giffen Iech dofir bieden den Montant (IBAN: LU18 0019 1755 6653 8000) ze iwwerweisen. Den Dag selwer géif den AVL dann och den een oder aneren Cajot organiséieren.