AVL goes Lautern 2022

Verëffendlecht, den 18.05.2022 AVL goes Lautern 2022

 

Léif AVLer,

Zu Lautern ginn d’Netzer erëm gespaant, no 2 Joer Abstinenz gëtt et rëm Zäit fir den traditionelle Beachvolleyball-Intercercle.

Wéini?
Den 9/10. Juni 2022

Oflaf vum Dag:
- Moies um 9h30 as d'Treffen zu Hohenecken bei der Grillhütt wou och den Dag Owes op en Enn wäert goen. Vun do aus kennt Dir vun enger Busnavette profitéieren, déi moies vun Hohenecken op Steinwenden fiert an owes erëm zeréck.

- Zu Steinwenden bei de Beachterrain ukomm, kennt der an de Vestiaire an är Sportsaachen (Bikini, Box, Schong, Duschsaachen, …) schlüpfen an iech prett vir den Tournoi maachen.
Nom kuerze Briefing geet de Spaass och scho lass a Cerclë kennen sech am Beachvolleyball géint ënnee moossen, ugefeiert vun hire Spectateuren.

Mee net nëmme fir den sportlechen Deel ass gesuergt, iwwert den Dag geet et lëtzebuergesche Béier, Sangria a Gegrills fir den Honger tëschenduerch.

- Nom Tournoi geet et rëm mat der Navett zeréck op Hohenecken bei Grillhütt.
Hei erwaart Iech eng grouss Flatrate-Party mat BBQ, Zalotebuffet, Béier, Musek Partystëmmung, an an an..

- Schlofe kënnt der an ärem Zelt, Auto oder ënnert dem Stärenhimmel...

- Den aneren Dag moies gëtt et nach e klenge Käffchen an eng Mëtsch zweschen Zänn, befiert et fir eis rëm Heem geet.

Adress Hohenecken Grillhütt: https://goo.gl/maps/4gUe8E9YYy8bp2Tz7
Adress Steinwenden Beachterrain: https://goo.gl/maps/F7GXuNMEmwVbHpeF8

Dir wëllt matspillen?!
Equippen:
- Gespillt gëtt zu 4 an enger Equippen (eventuell en Ersatzspiller)
-Wann dir wëllt matspillen, musst Dir Iech bei eisem Sportminister (Daniel Weiler) umellen. Dëst einfach iwwer Facebook oder per Mail: daniel.weiler@avl.lu (bis spéitstens de 4.06.2022)
Dir musst keng Angscht hunn, dass den Tournoi nëmme fir Profispiller ass, mir wäerte viraussiichtlech puer Teams umellen, an des den Niveauen no opdeelen. Zeckt also net Iech unzemellen!!
Mir brauchen ob allefalls och vill Ultras fir eis unzeféieren, fir dass mir och sécher als Gewënner vum Terrain ginn.

Transport:
Mir bilde Fuergemeinschaften dozou kennt deemnächst nach eng Ëmfro op Facebook (Wanns du kee Facebook hues aver gäeren un den Fuergemeinschaften deelhuele wëlls (ob als Chauffeur oder Matfuerer) dann schréiw eis einfach eng Mail!) . 

Allgemeng gëllt wann dir matkomme wëllt (ob als Spiller oder net) mellt iech un!
All Persoun sollt sech aus organisatoresche Grënn ënnert folgende Link umellen:
https://www.lsk.lu/intercercle-umeldung/
Ausserdeem WICHTEG:
- Betrag fir Flatrate-Party+Busnavette: 30€
- De Betrag kann am Virfeld op de Konto vum LSK iwwerwise ginn oder sur-place den Dag selwer bezuelt ginn
Kontosnummer vum LSK: LU22 0019 3955 9543 8000
Kommunikatioun: "Numm Virnumm" - IC 2022

C U @ Lautern um Beach,

äre Comité