AVL goes Lautern

Verëffendlecht, den 10.05.2023 AVL goes Lautern

Léiw Memberen, 

Den 8 an 9 Juni fënnt rëm den Volleyballstournoi zu Kaiserslautern statt an dir sidd natierlech all häerzlech agelueden är Kennen ënner Beweis zestellen. 

Hei den Oflaf vum Dag : 

Lass geet et den 8. Juni ab 9:00 Auer zu Hohenecken bei der Grillhütt. Do kennt dir iech dann parken an Owes kommen mir dann dohinner zeréck fir all zesummen ze grillen an Party ze maachen.

Um 10:00 Auer fueren zu Hohenecken Busser lass, déi bréngen iech ob Steinwenden bei den Volleyballterrainen. Hei kennt dir iech an den Vestiairen undoen an pretmaan. No enger kuerzer Erklärung wei den Tournoi ofleeft geet et dann lass. Den ganzen Dag gin dann Matcher gespillt an natierlech sin AVL Ultras och welkomm🏐. Z‘Iessen an ze Drénken wäert et wärend dem Dag och gi. Nodeems mer dann all den ganzen Dag Volleyball gespillt hunn, fueren Owes nees Busser zeréck ob Hohenecken.

Dann Owes zu Hohenecken fënnt eng Flatrate Party statt, do gëtt den een oder aneren Patt zesummen gedronk an eppes guddes iessen. Natierlech gëtt och dono gefeiert an den Owend auskléngen gelooss. 🥳

Schlofen kennt dir zu Hohenecken entweder an ärem Auto oder am Zelt, also denkt drun är Schlofsachen anzepaken.

Den 9. Juni kréien mir moies eng kleng Stäerkung befir mir Heem fueren. 🥐

Adresse Grillhütt Hohenecken: https://www.google.com/maps/place//data=!4m2!3m1!1s0x479672edf4fbc931:0xdedd7611b9b285c0?entry=s&sa=X&hl=de-lu&ved=2ahUKEwiu_4q9y6n-AhUE3aQKHRddDqcQ4kB6BAgWEAI

Adress Volleyterrain Steinwenden:

https://www.google.com/maps/place//data=!4m2!3m1!1s0x4795e18c6bbf3907:0x4651a503e37aa633?entry=s&sa=X&hl=de-lu&ved=2ahUKEwi6g9ynzKn-AhWSFuwKHTWaBZ8Q4kB6BAgZEAI

Fir Flatrate Party (Owes zu Hohenecken) + Bustransport bezuelen Memberen 25€ an net Memberen 30€.

Den Betrag kann am Virfeld op den Konto vum LSK iwwerwisen ginn oder den Dag selwer bezuelt ginn sur place.

Kontonummer: LU22 0019 3955 9543 8000 Kommunikatioun: "Numm Virnumm" - IC 2023

Egal ob dir matspillt oder net, dir musst iech ënnert folgendem Link umellen :


Umeldungslink fir Eenzelpersounen: https://u.lsk.lu/forms/lsk-ic-2023

Gespillt gëtt zu 4 an enger Équippe. Wann dir wëllt matspillen muss dir iech bei mir (François Welter) umellen entweder iwwert Facebook oder Email francois.welter@avl.lu (bis spéitstens den 31.05.23).

Dir musst keng Angscht hunn, dass den Tournoi nëmme fir Profispiller ass, mir wäerte viraussiichtlech puer Teams umellen, an des den Niveauen no opdeelen. Zeckt also net Iech unzemellen!!

Mir brauchen ob allefalls och vill Ultras fir eis unzeféieren, fir dass mir och sécher als Gewënner vum Terrain ginn.🏆

Transport : 

Mir wäerten Fuergemeinschaften belden fir dohinner. System wäert ähnlech zum Tournoi de l'Ambassadeur sin.

Bis Geschwënn