AVL goes Schlittschongfueren

Verëffendlecht, den 07.11.2022 AVL goes Schlittschongfueren

Léif AVL‘er an AVL‘erinnen,

Den Hierscht ass schons do an soumat och d‘Saison fir Schlittschung kennen ze fueren.⛸

Den AVL proposeiert ierch doweinst den Mettwoch 9.11 nomettes zesummen e pue Tier op der Aisfläch ze dréinen, an dat beschtenfalls op den Been.😉

Dat ganz geif an der 100,5 Arena Eissporthalle nieft dem Tivoli stattfannen.

Den nohtsten Busarret heescht Aachen Sportpark Soers

Treffpunkt wier um 15:00 dann huet een gudd 3h Zait fir sech ze amüseiren.

Zu den Präiser:

Eintritt kascht 8,50€

Schlittschung kaschten 5,00€/Puer

Wann mir mei wie 10 Leit sin kreien mir souguer Grupperabatt ( 6.50€ Eintritt, 3.50€ Schlittschung), dofir mellt ierch w.e.g. op Facebook un.

Mir freen ons drop vill vun ierch um Ais ze gesinn,

Fir de Comité,

Justine & Yann💛🖤