AVL goes SuperFly

Verëffendlecht, den 14.10.2023 AVL goes SuperFly

Léif AVLer, Léif Sprangmeis,

 

Den 8. November 📆 heescht et nees: de Kierper gutt duerchrëselen an d Häerz duerch aner Saache schloe loossen, wei duerch de Gedanken ee Meter am Kaktus ze bestellen. 

 

Mir invitéieren iech nämmlecht häerzlechst, mat eis zesummen, an de groussen Trampolinpark "Superfly" 🚀 zu Oochen ze goen! 

 

Wat kann een do maachen?  

 

- Waterfalltrampolines

- Airball

- Walltrampolines

- Swingfall

- Flying Dunk

- Balance Court

- Ninja Parcours

- Tumbling Lanes

- Main Court

 

Oder kuckt iech de SuperDario am SuperFly un https://youtu.be/iCQ2MA3ERYg?sinn=OSx-j1DRq8W7FlC3

 

Dir frot iech elo, firwat ginn ech dann elo schonn sou frei dofir invitéiert? 

 

Ma ganz einfach, op der Websäit ass staark recommandéiert dat ee sech am viraus sollt umellen, wann een an enger gréisserer Grupp well kommen. An fir dat mir net all prett a bänzeg op d'Gesprangs a Gebackflips dohi kommen, fir gesot ze kréien, dass keng Platz vir eis all ass, biede mer iech eis ‼️bis spéitstens 1 Woch am viraus, also bis den 31. Oktober (Halloween) um 23:59 ‼️, Bescheed ze soen, dass dir wëllt matkommen. 

 

Dat maacht der hei iwwer dëse Forms ✍️:

https://forms.gle/PfhUhE85UFPE5yNk6

 

 De Präis 💰 hänkt dodrunner of zu wéi vill mer am Endeffekt sinn: 

<15 Leit = 21,90€ Flight Ticket + 3€ Flight Socks + 2€ Ribbon 

>15 Leit = 16€ Flight Ticket (inkl. Flight Socks) + 2€ Ribbon

 

Ufanks wäert et esou sinn, dass den AVL den Entréesprais virstreckt, an dir äre Ribbon (Eintrittsband) (2€) selwer bezuelt. Wann mer zu manner wei 15 sinn da musst der och sur Place d'Flight Socks fir 3€ kafen. Wann dann herno d' Rechnung gemaach gëtt, kritt der gesot wéi vill den AVL bei är Entrée bäileet. (Desto méi mer sinn, desto méi grouss kann de Rabatt ginn) 

 

Wann der Iech iwwert de Forms ugemellt hutt, da kennt der är Sportsaache prett leeën, an iech drop freeë Mëttwochs den 8. November um 18h30 90-Minutte 📆 laang mat dem AVL duerch d'Geigend ze sprangen! 🥳 (📍Treffpunkt ass um 17h50 um Parking virum Superfly, well mer nach Secherheetsaweisunge kréien)

 

Mir freeën eis op Iech! 

Äre Comité 

 

Tldr. :

 

⏱️ Wéini? 8. Nov 18h30- 20h ‼️Do sinn um 17h55 ‼️

 

📍Wou? Superfly Aachen 

Adresse: Roermonder Str. 55, 52134 

Herzogenrath, Germany 

 

🤔 Wéi maachen ech mat? 

spéitstens virum 1. November de Forms ausfëlle

 

💰 Wéi vill kascht dat?

<15 Leit: 26,90€ op de Kapp (inkl Flight Socks + Ribbon déi der sur Place kaaft: 5€ )

>15 Leit: 18€ ( Flight Socks for free) op de Kapp (inkl Ribbon den der sur Place kaaft: 2€) 

 

🚨Um Enn gëtt nach gekuckt wéi vill den AVL bailee kann (hänkt dovun oof zu wéi vill mer sinn) 🚨

 

🧐 Un wat muss ech denken?

Sportsaachen a Loscht

Fir méi Infoe kennt der den FAQ liesen:

https://superfly.de/aachen/faq