AVL goes Superfly

Verëffendlecht, den 07.11.2019 AVL goes Superfly
Léif AVLer,
 
nom grousse Succès vum leschte Joer hunn mir decidéiert och dëst Joer den 13. November eis een Owend am Superfly auszetoben.
 
De Superfly ass mat enger Gesamtfläch vun 4.000 m² een vun den gréissten Trampolinparks an Europa.
Do ginn et Aktivitéiten wéi:
 
- Waterfalltrampolines
- Airball
- Walltrampolines
- Swingfall
- Flying Dunk
- Balance Court
- Ninja Parcours
- Tumbling Lanes
- Main Court
 
Wann dir iech näischt dorënner virstellen kennt, dann kennt dir och direkt op hirem Site (https://aachen.superfly.de/) d´Explikatiounen noliesen goen.
 
Mir mussen pünktlech um 19:00 anchecken fir dann vun 19:30 - 21:00 sprangen ze kennen. Den AVL iwwerhëlt een Deel vun den Käschten fir seng Memberen, sou dat jiddereen just 5 € bezuelen muss. Aus Sécherheetsgrënn muss jiddereen Antirëtsch-Strëmp undoen, déi et dohannen fir 2,50 € ze kafen gëtt.
 
Hei ass dann nach een Video wéi dat kann ausgesinn:
 
https://www.youtube.com/watch?time_continue=2&v=7FiZo0R_KxQ
 
Mee mengt net dass dat just eppes fir Läit ass déi Saltoen kennen, do ass fir jiddereen eppes dobäi ;)
 
Mir freeën eis op iech!
 
Fir den Comité,
Alex