AVL goes Tivoli

Verëffendlecht, den 29.03.2022 AVL goes Tivoli

Léiw Memberen,

den 10ten Abrëll ass AVL goes Tivoli ugesot, wou mir zesummen den Match Alemannia Aachen géint den Tabellen éischten Rot Weis Essen kucken ginn. All eis Ënnerstëtzung ass gefrot, well Alemannia géint den Ofstig kämpft an et sech em een vun deenen letzten Matcher vun der Saison handelt.

Well bei Matcher géint Rot Weis Essen schonn zimmlech dem Bam gebrannt huet, an mir och eng Platz kréien wëllen wou Stëmmung ass (Stoplatzen am Block hannert dem Goal), wäerten mir d'Tickets fir d'Spill am Viraus buchen. Dëst geschitt 3 Deeg virum Event, dir musst iech spéitstens bis den 07.04 bei mir perséinlech (Daniel Weiler) ugemellt hunn (entweder per Mail ob daniel.weiler@avl.lu oder iwwer Facebook).

Den AVL iwwerhëlt den Ticketspräis, mellt Iech awer w.e.g just un wann dir och sécher dobäi sidd, domadder mir herno net ob den Tickets setzen bleiwen.

Virum Spill treffen mir eis am Stadpark, wou mir 1-2 Béier drénken, fir dann zesummen bei den Tivoli ze goen. (Den Fall gesat d'Wieder erlaabt et)

Dëst Event ass net nëmmen fir Spillbegeeschterter, et wäert sécher gutt Stëmmung am Stadion sinn, also kommt alleguerten mat!

Mat beschte Gréiss,

Daniel

Sportsminister