AVL Kleeder 2021 mat 2 Neiegkeeten!

Verëffendlecht, den 12.03.2021 AVL Kleeder 2021 mat 2 Neiegkeeten!

Haut ass et endlech rëm souwäit. Mir freeën eis erch och dëst Joer rëm kennen eis beléiften AVL Kleeder an Accessoiren ubidden ze kennen. Dës Kéier mat zwou Neiegkeeten. Ausserdeem, sin d’Präisser fir d’Sweatshirte (mat an ouni Tirette) an d’Softshell Jacketten dëst Joer reduzéiert! Bestellen kann all Member iwwert eisen Site ënnert Insider>Kleeder bestellen. Leider bidden mir erch aus verschiddene Grënn net un, d’Saachen virum Bestellen umoossen ze kennen. Dofir hun mir erch ënnert folgendem Link d’Tabellen mat den genauen Gréissten vun de Kleeder rausgesicht: https://www.dropbox.com/sh/ir51eqksk4k128e/AAAt3UsAr2I_ezHYjr4ZNd3fa?dl=0 Wann dir weider Froen hudd, dann schreift gären dem Alain Georges (iwwer FB oder iwwert alain.georges@avl.lu). D’Bestellungen lafen nach bis den 11. Abrëll um 23:59. Kuckt also roueg eemol an eise Shop bis eran!