AVL Kleeder 2022 mat 6 Neiegkeeten

Verëffendlecht, den 04.03.2022 AVL Kleeder 2022 mat 6 Neiegkeeten
Haut ass et endlech nees souwäit. Mir freeën eis erch och dëst Joer rëm kennen eis beléiften AVL Kleeder an Accessoiren ubidden ze kennen. Dës Kéier mat 6 Neiegkeeten. Ausserdeem, sinn d’Präisser fir d’Sweatshirte (mat an ouni Tirette) an d’Softshell Jacketten dëst Joer nees eng Kéier reduzéiert! Bestellen kann all Member ab elo iwwert eisen Site ënnert 'Insider'>'Kleeder bestellen'. Wann dir iech net sécher sidd mat den Gréissten, kënnt dir tëscht dem 7. Mäerz an dem 1. Abrëll d’Kleeder zu Oochen umoossen ier der är Bestellung maacht. Mëllt iech dofir beim Alain Georges. Wann dir weider Froen hutt, dann schreift dem Comité (iwwer FB oder un comite@avl.lu). D’Bestellungen lafen nach bis den 1. Abrëll um Mëtternuecht. Kuckt also roueg eemol an eise Shop bis eran!
Opgepasst: Den Design vu verschiddenen Artikelen kann liicht variéieren par Rapport zu den Fotoen um Site.
Zousätzlech Info: D'Leefer vum Staffellaf kreien den 125-Joer T-Shirt gratis ausgedeelt beim Staffellaf a brauchen keen ze bestellen.