AVL-Kleeder - De Shop ass op!

Verëffendlecht, den 17.04.2023 AVL-Kleeder - De Shop ass op!

Haut ass et endlech nees souwäit. Mir freeën eis iech unzekënnegen, dass den AVL-Shop ab Haut erëm op ass! Nieft eise gewinnten a beléiften AVL Kleeder an Accessoirë fann der dës Joer zousätzlech och e puer Neiegkeeten am Shop. Bestelle kann all Member ab elo iwwert eise Site ënnert 'Insider'>'Kleeder bestellen'. Wann dir iech net sécher sidd mat de Gréissten, kënnt dir  eis schreiwen ier der är Bestellung maacht mir hëllefe gäre weider(iwwer FB oder un comite@avl.lu). Wann dir weider Froen hutt, da schreift och dofir dem Comité. D’Bestellunge lafen nach bis den 30. Abrëll um Mëtternuecht. Kuckt also roueg eemol an eise Shop bis eran!

Opgepasst: Den Design vun de Sportskleeder ka liicht variéiere par Rapport zu den Fotoen um Site, mir hunn de Fournisseur gewiesselt.