AVL Quizowend 29.11.23

Verëffendlecht, den 25.11.2023 AVL Quizowend 29.11.23

Léif Memberen, Leif Quizlers,

 

Et ass rëm souwäit! Äert Wëssen iwwert déi allgemengsten an awer och randomsten Froen, mat heärzenstleift vun ärem Comité zesummegestallt, ass rëm fir eise Quizowend am Chico Mendes gefrot!🥳

 

❗️Dëst Event gëtt rëm op 15 Equippe à 4 Leit limitéiert an et muss een sech bis spéitstens Méindes, de 27.11.2023 umellen. Dëst geschitt iwwert dëse Google Forms: 

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSeSd8OEoQjOr1BayEBDf7GhALOc3rNombW6IYnu2yp7EYwN6g/viewform?usp=sf_link❗️

 

D'Umellung kascht 5€ pro Matspiller. Keng Angscht, mir sinn nachemmer kee Spuerverain! Mat de Suen fun der Entrée ginn nämlech d'Präisser fir déi 3 beschten Equippe bezuelt.💰

D'Entrée iwwerweist der wgl och virun dem 27.11.2023 op eise Kont: LU18 0019 1755 6653 8000 

Der Einfachheet hier bezilt 1 fir d'Equipe (20EUR) mam Betreff : "Equippennumm + Quizowend 2023" 

 

Denkt also drun är Gehierzellen ze schounen a rëm puer Folgen "Wer wird Millionär" duerchzesuchten, an natierlech ganz wichteg, weien Teampartner der an äert Siegerteam wëllt alueden.

 

Den Event selwer geet um 19h00 lass, also sidd pünktlech, soss verpasst der déi eicht Froen! Et fennt alles am Konferenzsall hannert dem ëffentlechen Beräich vum Chico statt(fir déi déi op der Dafversammlung waren: do!), fir dat mer och genuch Platz a Konzentratioun vir d'Nodenken hunn. 

 

Mir freeën eis op är Ausgefalen Team Nimm an de faire Wettkampf ! Denkt och nach un ee Bic/Bläistëft pro Equipe!

 

Fir de Comité,

Bryan