AVL Skivakanz

Verëffendlecht, den 25.06.2021 AVL Skivakanz

Léif Frënn vum Wantersport,

 

 

Eis traditionell Kulturrees huet dëst Joer leider schonn fir d’zweet missten ausfalen. Dofir hun mer eis dëst Joer iwwerluecht fir vum 30 November bis den 5 Dezember op Tignes an den franséischen Alpen an d’Skivakanz ze fueren. Den AVL huet mëttlerweil schonn 2 Chaleten fir insgesamt 24 Léit gebucht. Mir géingen dann also dënschdes moies zu Lëtzebuerg fortfueren an sonndes am fréien Nomëtten rëm heemfueren. Den Präis fir d’Iwwernuechtung, den Transport an den Skipass fir 4 Deeg géingen am Ganzen tëscht 450€ an 500€ léien. Den AVL iwwerhëllt natierlech och rëm een Deel vun de Käschten. 

 

Fir dech provisorsech unzemellen kanns du dem Alain (alain.georges@avl.lu oder op FB) eng kuerz Noriicht schreiwen. Réischt am Ufank vum Wantersemester, wann jiddereen säin Semester méi genau geplangt huet, brauchs du den endgültegen Gesamtbetrag vun der Rees ze iwwerweisen. Wann sech méi wei 21 Leit umellen, gin déi Léit op eng Waardelëscht gesat an rutschen dann no, wann eng Plaz fräi gëtt. Deen éischten ass fir.

 

Wichteg! Jiddereen, deen eng Memberskaart huet, dierf matgoen soulaang nach Plazen fräi sinn. Dir musst also net onbedéngt Ski oder Snowboard fueren kënnen fir matzegoen. D’Idee besteet fir am November an d’Skihaal op Landgraaf ze fueren fir d’Grondlagen vum Wantersport ze léieren respektiv fir är Skills rëm bessen opzefrëschen. 

 

 

Mir freeën eis drop!!