AVL Spikeballturnéier

Verëffendlecht, den 13.04.2023 AVL Spikeballturnéier

Léif AVL‘er, 

 

Nodeems de Spikeballturnéier 2021 souee groussen Erfolleg erzielt huet hu mir eis dozou decidéiert dëst Joer dei nächst Editioun ze organiséieren.

 

Beim Spikeball handelt et sech em eng Trendsportart déi duerch d`Welt ëmmer méi un Beléiftheet gewënnt. Et ass ee Spill an deem een zu 2 géint 2 géinteneen untrëtt an un deem jidderee kann deelhuelen, egal op sportlech oder manner sportlech. 

 

Dësen Tournoi fënnt den 19. Abrëll um 14:00 Auer am Westpark hannen an der Wiss statt. Den Oflaf ass wei follegt: Wann der wëllt deelhuelen mellt der iech mat ärem Coequipier oder och eenzel beim Pol (pol.mathay@avl.lu oder per messenger) un. Falls du dech eenzel umells da kriss du den Dag selwer ee Coequipier zougewiss. Den Tournoi verleeft als K.O.-System bis eng Finale steet an duerno een Gewënner feststeet. Zum Schluss vum Tournoi gëtt et dann och nach een Patt ze drénken.

 

Fir déi, déi nach net wëssen em wat dass et geet hei ass een klengen Video deen den Sport erkläert:

 

https://www.youtube.com/watch?v=tc1pEqCGWnw&t=33s

 

souwéi d´Reegelwierk:

 

https://tournaments.spikeball.com/pages/2021-official-rules

 

Falls d‘Wieder den Dag selwer net matspillt verleeë mir den Tournoi op ee mei sonnegen Dag mee bis lo gesäit et nach gutt aus.

 

D‘Gewënner kréien natierlech och ee Präis!

 

Mir géingen eis iwwert vill motivéiert Leit freeën.

 

Bis geschwënn

 

Äre minable Comité